Ludwig Hassenpflug

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Hans Daniel Hassenpflug)
Ludwig Hassenpflug
Gebuer 26. Februar 1794
Hanau
Gestuerwen 15. Oktober 1862
Marburg
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Riichter, Politiker
Famill
Papp Johannes Hassenpflug
Geschwëster Amalie Hassenpflug
Kanner Karl Hassenpflug

Den Hans Daniel Ludwig Friedrich Hassenpflug gebuer de 26. Februar 1794 zu Hanau, an Hessen a gestuerwen de 15. Oktober 1862 zu Marburg), war en däitsche Jurist a Staatsmann. Vun 1839 bis 1840 war hie Chef vun der Zivilverwaltung zu Lëtzebuerg. Als President vum Regierungsrot war hien den Nofollger vum Friedrich Wilhelm von Goedecke.

Den Hassenpflug huet zu Göttingen Droit studéiert a gouf duerno Assesseur an der Geriichtskummer vum Regierungskollegium zu Kassel), gouf 1821 Rechts-Conseiller an 1832 Regierungsreferent an der Landgrofschaft Hessen-Kassel, wou en am Mee vum selwechte Joer Justiz- an Inneminister gouf.

An där Funktioun huet hie sech drugemaach, dem Kurfürst Willhelm I. vun Hessen säi reaktionäre System nees anzeféieren, deen en duerch déi 1831 agefouert Verfassung bedreet gesouch, an dat, obwuel e virdrun, wéi e Member vun enger Burschenschaft war, haart de Géigendeel gefuerdert huet. Dëst huet den Hassenpflug zum Mephistopheles vun der Reaktioun gemaach, d'Leit hunn hien Hessens Hass und Fluch genannt. 1837 ass e, well en net méi ze hale war, als Minister entlooss ginn.

1838 gouf en zum Chef vun der Administratioun an Hohenzollern-Sigmaringen ernannt, a schonn e Joer drop gouf e Chef vun der Zivilverwaltung zu Lëtzebuerg, dat grad d'Oftrennung vun der Provënz Lëtzebuerg hanner sech hat. Och hei huet hie sech sou onméiglech beholl, datt e just ee Joer am Amt war. Hie konnt et net verquëssen, seng Kontakter mam hollännesche Kinnek mussen iwwer en hollännesche Beamten zu Den Haag ofzewéckelen an datt den Iwwerschoss vum Budget an Holland goung. Wéi beléift en zu Lëtzebuerg war, léisst sech am beschten doduerch illustréieren, datt op der Musel de Wäin vun deem Joer, dee besonnesch sauer war, Hassenpflug-Joergang genannt ginn ass.

Tëscht 1841 an 1850 war en am Déngscht vu Preisen, fir d'éischt Member vum ieweschte Geriicht an dann, 1846, President vum ieweschten Appellatiounsgeriicht zu Greifswald. 1850 stoung hie selwer wéinst Hannerzéiung viru Geriicht a gouf och verurteelt. Och wann dëst Urteel spéider an Appel nees opgehuewe gouf, huet en de preisesche Statsdéngscht verlooss.

De Kurfürst vun Hessen huet en, nach éier den Appel duerch war, nees bei sech agestallt, an zwar als Regierungschef. Mä dës Kéier huet et net laang gedauert, bis den Hassenpflug agesinn huet, datt en net géint sämtlech Gesellschaftsschichten, an souguer d'Arméi, kéint regéieren. Hien huet säi Kurfürst iwwerzeegt, als leschte Versuch, den aus der Revolutioun vun 1848 ervirgaangen Tendenzen entgéintzewierken, aus dem Nërdleche Bond mat Preisen auszetrieden a sech den Éisträicher unzeschléissen. D'éisträichesch Truppen hunn d'Preisen an Hessen dunn och iwwerrompelt kritt, an den Hassenpflug ass als Finanzminister zu Kassel agesat ginn. Eréischt 1855, méi onbeléift wéi jee, ass en dunn entlooss ginn.

Den Hassenpflug huet sech op Marburg zeréckgezunn, wou en 1862 gestuerwen ass. Just viru sengem Doud huet en nach matkritt, datt d'Hessesch Verfassung vun 1839, déi e sech zur Liewensaufgab gemaach hat, ze zerstéieren, nees agesat gouf.

Hie war zweemol bestuet, seng éischt Fra war d'Sëschter vun de Bridder Grimm. Säi Jong; Karl Hassenpflug (1824-1890) war e Sculpteur.