Thérèse vun Avila
Thérèse vun Avila | |
---|---|
E Portrait vun der Teresa vum spuenesche Moler Eduardo Balaca | |
Titel | |
Biographie | |
Reliéisen Numm | Teresa vu Jesus |
Gebuertsnumm | Teresa Sánchez de Cepeda Dávila y Ahumada |
Gebuer |
28. Mäerz 1515 jul. Ávila |
Gestuerwen | 15. Oktober 1582 |
Nationalitéit | Spuenien, Kastilien |
Papp | Alonso Sánchez de Cepeda |
Mamm | Beatriz de Ahumada |
Aktivitéit |
Schrëftsteller, Philosoph, Grënner vun engem Uerden, Uerdensschwëster, Dichter |
Aner Informatiounen | |
Reliéisen Uerden | Karmeliterinnneklouschter |
Statut | Helleg |
Gedenkdag | 15. Oktober |
Der Teresa hiert Graf zu Alba de Tormes a Spuenien | |
D'Thérèse vun Avila ((es)Teresa de Ávila), gebuer als Teresa Sánchez de Cepeda Dávila y Ahumada den 28. Mäerz 1515 am deemolege Kastilien (haut Spuenien) a gestuerwen de 15. Oktober 1582 zu Alba de Tormes bei Salamanca, war eng Karmeliterin an eng Mystikerin.
Si gëtt dacks déi „Grouss Thérèse“ genannt, fir se vun der Helleger Thérèse vu Lisieux (Thérèse vum Kand Jesus) z'ënnerscheeden, déi och déi „Kleng Thérèse“ genannt gëtt.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Duerstellung
[änneren | Quelltext änneren]An der chrëschtlecher Ikonographie gëtt d'Thérèse vun Avila am bronge Gewand vun de Karmeliterinnen ouni Schong, mat engem wäisse Vespermantel (Pluviale) an engem schwaarze Schleier duergestallt. Aner Attributer sinn d'Buch an d'Fieder, mat engem Häerz mam Christusmonogramm, mat Gäisselen, Dären an engem Feil, a mat der Dauf vum Hellege Geescht.
Veréierung
[änneren | Quelltext änneren]D'Thérèse gëtt als eng grouss Mystiker ugesinn. Si gouf 1614 séileggesprach, 1617 zur Patréinesch vu Spuenie genannt an 1622 helleggesprach. 1944 huet de Poopst Pius XII. si zur Patréinesch vun de Schachspiller deklaréiert.
Den 18. September 1965 huet de Paul VI. si zur Patréinesch vun de hispanesche Schrëftsteller ernannt a si gouf de 27. September 1970 Kiercheléierin, dat als éischt Fra an der Kierchegeschicht.
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]Fir un d'Thérèse vun Avila z'erënneren, huet de Stater Schäfferot de 6. Oktober 1997 déi Strooss déi laanscht de Carmel um Zens leeft, no hir genannt: d'Rue Sainte-Thérèse-d'Avila[1].
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Thérèse vun Avila – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Archives Ville de Luxembourg. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt de(n) 06.09.2024.