Louis Charles Rothermel

Vu Wikipedia
Louis Charles Rothermel
Gebuer 21. Juli 1845
Lëtzebuerg
Gestuerwen 15. Oktober 1872
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Apdikter
Famill
Papp Nicolas Rothermel
Geschwëster François Rothermel

De Louis Charles Rothermel, gebuer den 21. Juli 1845 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen de 15. Oktober 1872, war e lëtzebuergeschen Apdikter[1].

Hien ass den 20. November 1871 zu Lëtzebuerg als Apdikter zougelooss ginn an huet du sengem verstuerwene Papp, dem Nicolas Rothermel, seng Apdikt, d'Mouerenapdikt an der Stad Lëtzebuerg, iwwerholl[2].

De Louis Charles Rothermel huet 1870 als Apdikterkandidat un der 2. Expeditioun vum lëtzebuergesche "Comité de secours" deelgeholl, déi sech zu Saarlouis an Ars-sur-Moselle ëm d'Zaldoten, déi am Franséisch-Preisesche Krich blesséiert gi waren, gekëmmert huet[3].

De Louis Charles Rothermel war de Brudder vum François Rothermel.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 2001. Personnagen: Louis Charles Rothermel. Lëtzebuerger Journal 2001, Nr. 137 (21./22. Jul.): 15.
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2 (H-R). Eigenverlag, Luxemburg, S. 653-1342.
  • Mersch, J., 1967. La famille Wurth. Biographie nationale du pays de Luxembourg., fasc. 15: 165-378. [1]
  • Liez, N., 1886. Dictionnaire avec des notices biographiques et bibliographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle. Veuve M. Bourger-Blum, Luxembourg 1886, III, 167 S.
  • Toelle, A., 1920. Kurze Geschichte des Apothekerwesens im Grossherzogtum Luxemburg. Hofdruckerei Victor Buck, Luxemburg, 19 S.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Liez 1886, S. 117, Kugener 2005, S. 1335.
  2. Kugener 2005, S. 1335, Toelle 1920, S. 11.
  3. Mersch 1967, S.183. Anonym 2001.