Joseph Thorn (Politiker)
Ausgesinn
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker a Jurist Joseph Thorn. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Joseph Thorn. |
| Joseph Thorn | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
5. November 1883 Iechternach |
| Gestuerwen |
10. November 1953 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker, Affekot |
| Partei | LSAP |
| Fonctioun | Conseiller am Staatsrot |
| Auszeechnungen | Commandeur vum Ordre de la Couronne de chêne |
|
| |
De Joseph (Jis) Thorn, gebuer de 5. November 1883 zu Iechternach, a gestuerwen den 10. November 1953 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Affekot an LSAP-Politiker.
Vun 1913 bis 1917 war hien am Stater Gemengerot. Hie war Grënnungsmember vun der LSAP.
Hie war vum 14. Dezember 1945 bis zu sengem Doud Member vum Staatsrot.[1]
Fir un de Jis Thorn z'erënneren huet de Stater Schäfferot den 20. Abrëll 1964 decidéiert eng Plaz zu Märel no him ze benennen; d'place Joseph Thorn läit tëscht dem boulevard Marcel Cahen an der rue Charles Quint.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1950)[2]
