Diskussioun:Bastioun Louis

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Bonjour. De Wäikeller vun der Landesbank Rheinland-Pfalz International S.A., Luxembourg, ass also lo an der Wikipedia ze fannen. Just d'Joergäng feelen. Mer huelen un, datt der e Beleg dofir hutt. LRI

Wier et net méi konstruktiv, drun ze schaffen, dass emol all déi sëlleche Bastioune vun der Festung Lëtzebuerg artikelméisseg méi Opmierksamkeet kréichen, amplaz hei mat aus der Versenkung gezunnenen "neien" Useren alt nees Gestëppels ze bedreiwen? Ween dem Jemmy Koltz säin Opus an der Bibliothéik doheem huet, weist w.egl. de Fanger (ech hun et net)? Oder gëtt et eng Source am Internet, wou ech eppes bäidroe kinnt? Nëmmen esou komme mer virun... --Zinneke 09:44, 8 Oktober 2007 (UTC)

Bild vum Keller vum LRI


Balkon an Traap


Bonjour, d'Biller goufe geläscht da soll menger Menung no d'Fro uewen driwwer och geläscht ginn. LRI 2 07:29, 9 Oktober 2007 (UTC)

Wier et net méi konstruktiv, drun ze schaffen, dass emol all déi sëlleche Bastioune vun der Festung Lëtzebuerg artikelméisseg méi Opmierksamkeet kréichen, amplaz hei mat aus der Versenkung gezunnenen "neien" Useren alt nees Gestëppels ze bedreiwen? --Cornischong 07:55, 9 Oktober 2007 (UTC)
Wann ee bedenkt watere Krich datt en Artikel iwwer eng Bastioun ausléise kann, da kann ee sech vläicht virstellen wéi et an der richteger Bastioun hirgaang ass. :-))) Les Meloures 08:51, 9 Oktober 2007 (UTC)

Gudde Mëtteg,

Den Artikel ass elo komplett iwwerschafft, an am Laf vun der Woch kommen nach Fotoe vu baussen dobäi. Wéi ech aus der Diskussioun gesinn, goufen et emol Fotoen hei vu bannen aus der LRI/LBBW? Ass dat richteg? Et wier immens, fir och nach esou eng bei den Artikel setzen ze kënnen. Bescht Gréiss, --Roude Leiw2001 14:53, 14. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]