Diskussioun:Festung Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Lucilinburg ass guer kee Lateinesch. Et ass een âl Lëtzebuergesch (oder âl Dëitsch, oder âl Frankesch) Numm déi bedeitet: Klenge Buerg (lëtzele buerg).

Lignomontanus (ugemellt beim hollännesch wikipedia), 1 dez. 2005, 18.30 h.

Moien. Et ass op der Plaz vun engem réimesche "castellum" mam Numm "Lucilinburhuc" gewiescht. E schéine Bonjour an Holland. --Cornischong 18:38, 1 Dezember 2005 (UTC)

Ech hunn de Saz liicht geännert: de Lignomontanus huet an deem Sënn Recht, datt wëdder "lucilin" nach "burhuc" laténgesch Wierder sinn; dat kinnt een allerhéchstens als latiniséiert Form vum fränkeschen Equivalent vu Klenger Buerg duerchgoe loossen. Dass et sech em (d'Iwwerreschter vun) engem Réimerkastell handelt, steet sonner Zweiwel. --Zinneke 10:33, 2 Dezember 2005 (UTC)

d'Fro vum Castell[Quelltext änneren]

Ech hun grad ugefang dem Koltz säin Wierk duerchzeliesen. Do steht dran, dass et fier den Réieschen Kastell den iwerall erwähnt get, keng Beweiser get an dass et éischter en Iwerwachungsposten aus Holz war. Den Castellum Lucilinburhuc wier éischter vum Tréierer Klouschter St. Maximin gebaut gin an deen hätt um Fëschmaacht gestanen bis en am Obdraach vum Pescatore oofgerappt gouf. Ech géing dat jo gären esou dranschreiwen, mäin Problem ass blouss dass dem Koltz säin Buch schons duebel esou aal ass ewéi ech selwer an dowéinst meng Fro: Kennt en rezent Veröffentlechungen zum Thema. SaluttiSpanish Inquisition 15:59, 30 Juli 2006 (UTC)

Late reply my friend. Since an argument with Cornischong I'll just write in english except in the articles themselves. But I know you are fluent with the language. Anyhow, the information about the 'Kastell' indeed seems dated, I was about to comment on it. The problem is that during the late 1990's there was an archaeological dig in the Bock area and as far as I recall (I was not in Luxembourg at the time) remnants of a tower (presumably stone) were found dating to the Roman period. Until then it had been assumed the supposed 'Kastell' dated to Frankish times only. Unfortunately I'm not aware of any publication of the late 1990's Fëschmaart excavations.--80.90.52.23 10:24, 25. Abr 2008 (UTC)
D'Transmuselaner schéngen do méi ze wëssen, ob alle Fall maache se wéi wann: de-wiki iwwer Numm a Fouillen. --Otets 12:27, 29. Abr 2008 (UTC)

Déi schaffe jo och mat Basiswierker vun der Geschichtsschreiwung, wéi dem "Guide d'accueil pour demandeurs d'asile" (--> Historique op de de) . An hei lafen Hysteriker, déi vun elauter Topegkeet Englesch speaken, deenen, déi an der de-Wiki mat un deem Artikel geschriwwen hunn, no, fir hinnen ze soen, se wéissten och näischt. --Cornischong 12:40, 29. Abr 2008 (UTC)

Schläifung oder Schleefung ?[Quelltext änneren]

Wann am Artikel Schläifung steet, da kënnt op eng Kéier een an dee mécht eng Schleefung draus (oder, besser nach, eng Schläfung). Kuerz drop kënnt erëm en aneren deen erëm eng Schläifung draus mécht, mee, e verbessert awer net alles. Sou dass mer elo déi verschiddenst Ausdréck hunn a et weess nach ëmmer keen wéi et muss sinn. Et wier net schlecht wann dat emol ee fir allemol festgeluet géif. Also: ass d'Festung geschlaff, geschläift oder geschleeft ginn? --Pecalux 07:52, 5 Mee 2007 (UTC)

D'Äntwert ass an der Maach. --Cornischong 10:39, 5 Mee 2007 (UTC)

Wier et net un der Zäit d'Sizze-Panneauen eraus ze gehaien? Et ass jo awer en zolitten Artikel. Méi ze schreiwen, bléif jo méiglech --Kaffi 11:02, 22 August 2007 (UTC)

No bal 5 Joer: hei d'Äntwert: http://www.rtl.lu/kultur/eis-sprooch/205387.html . --Zinneke (Diskussioun) 08:31, 23. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]

"Ech hun grad ugefang dem Koltz säin Wierk duerchzeliesen ..." schreift een heidriwwer viru bal zwee Joer. Mee e "Literatur"-Kapitelche kënne mer eis, wéi et schéngt, net leeschten. Vläicht kritt eng Kéier een Zäit an e koppipéisst dat aus der däitscher Wikipedia. --Cornischong 13:07, 29. Abr 2008 (UTC)

Suguer erfonnte Fantasiewierder stinn dran: "Korsett" Dat huet awer näischt mam Opel Corsa oder mam Chevrolet Corvette ze dinn? --Cornischong 15:34, 29. Abr 2008 (UTC)

"Do ass et kee Wonner, datt d'Festung de Spëtznumm Gibraltar vum Norde krut,": dat liest sech wéi wann et géif stëmmen. Just, stëmmt et? Wou kënnt dat Déngen hier? Eise City Tourist Responsabelen zielt dat ëmmer nees, mee deen huet och nach ni gesot, ob et eng Kéier mueres bei him um Nuetsdësch louch. --Cornischong 15:52, 29. Abr 2008 (UTC)