Guy Lenz

Vu Wikipedia
Guy Lenz
Gebuer 28. Januar 1946
Péiteng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Offizéier

De Colonel Guy Lenz gebuer den 28. Januar 1946 zu Péiteng, war vun 1998-2002 Chef vum État-major (Kommandant) vun der Lëtzebuerger Arméi. Hien ass bestuet an huet zwee Kanner.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem hien 1965 de Lycée ofgeschloss hat, goung hien op d'Lécker Universitéit studéieren. 1966 huet hie sech an der Arméi engagéiert a säi Studium fir Offizéier op der École spéciale militaire de Saint-Cyr a Frankräich ugefaangen, fir en 1969 op der École Application de l'Infanterie zu Montpellier ofzeschléissen. Hien huet seng Carrière zu Dikrech um Centre d'Instruction Militaire (CIM) an der Funktioun vum Pletonschef ugefaangen. Vun 1969 bis 1990 hat hie verschidde Funktiounen um CIM, ënner anerem déi vum Pletonschef vun der Infanterie, Pletonschef vun der Instruction de Base, Pletonschef an der Anti-Panzer-Kompanie (TOW), Kompaniechef vun der Infanterie, Kompaniechef vun der Kommando- a Service Kompanie, Personaloffizéier, Instruktiouns- an Operatiounsoffizéier an als lescht déi vum Commandant en second vum CIM. Wärend där Zäit huet hien och verschidde Funktioune beim AMF (L) Kontingent besat.

An de follgende Joren huet de Colonel Guy Lenz seng Fachbildung vervollstännegt an déi heite Formatioune gemaach:

Zanter Dezember 1990 an no senger Formatioun als Entwaffnungs-Inspekter um belschen État-major an op der École de l'OTAN zu Oberammergau an Däitschland, gouf hie Chef vum Groupe Inspections, Vérifications et Observations (GIVO) um Kommando vun der Lëtzebuerger Arméi an der Stad Lëtzebuerg.

Am Mee 1991 huet hien d'Operatioun Provide Confort an der Tierkei an am Irak als Chef de Mission um Kapp vun enger Lëtzebuerger Delegatioun besicht.

Den 1. August 1993 ass hien als Conseiller Militaire bei d'Lëtzebuerger NATO –Delegatioun komm, a gläichzäiteg war hien de Lëtzebuerger Représentant National Militaire um SHAPE.

Den 20. Februar 1995 gouf hie permanente Lëtzebuerger Vertrieder am NATO Militärkommitee a Militärdelegéierte bei der Westeuropäescher Unioun, den Nofollger vum Bréisseler Pakt.

Vun 1998 bis 2002 war de Guy Lenz Chef d'État-major vun der Lëtzebuerger Arméi.

Duerno war hien Haut-Commissaire à la Protection nationale zu Lëtzebuerg bis en op där Plaz 2006 vum Colonel Roland Bombardella ersat gouf.

De Guy Lenz ass President vum Nationale Militärgeschichtsmusée zu Dikrech.

Dekoratiounen[änneren | Quelltext änneren]

National Dekoratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Auslännesch Dekoratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]