TOW

Vu Wikipedia
En TOW op engem Dräibeen montéiert
Ofschoss vun engem TOW-Missile

TOW am militäresche Sënn ass d'Ofkierzung fir Tube Launched Optically Tracked Wire Guided Missile.

D'Entwécklungsaarbechten hunn 1965 bei Hughes (USA) ugefaangen, als Ersatz fir d'réckstoussfräit Geschëtz M40. Dobäi soll de System geneesou einfach si wéi e réckstoussfräit Geschëtz. D'Entwécklung ass séier virukomm, a sou konnt den TOW schonn 1970 a Produktioun geholl ginn. Bis elo si wäit iwwer 500.000 Stécker hiergestallt ginn. 1981 gouf méi e grousse Gefechtskapp mat Ofstandsdar agefouert (BGM-71C), 1983 erëm méi e grousse Gefechtskapp (BGM-71D). 1987 gouf d'BGM-71E (TOW2A) agefouert, mat enger Initiallzündung am Ofstandsdar, fir reaktiv Panzerungen duerchdréngen ze kënnen. 1991 ware schliisslech déi lescht Tester vum TOW2B, enger Weiderentwécklung mat zwéin no ënne geriichten EFP Gefechtskäpp.

IMI huet och en neie Gefechtskapp fir den TOW entwéckelt. A senger Grondausféierung gëtt den TOW vun engem Dräibeen aus agesat. Dëst gëtt haut, wéinst senger Gréisst, kaum nach benotzt. Relativ séier goufen och scho Versioune fir Militärween entwéckelt an agefouert.

Dëse Waffe-System ass souwuel aus der Loft wéi och vum Buedem startbar, eegent sech awer nëmme géint Ziler um Buedem.

D'Lëtzebuerger Arméi benotzt ënner anerem dëse Waffesystem.

Technesch Donnéeën[änneren | Quelltext änneren]

  • Hiersteller: Hughes/Raytheon
  • Duerchmiesser: 147 mm
  • Gewiicht vum System: 111,50 kg
  • Gewiicht vum Missile: +-25 kg
  • Vitess: 0,9 Mach // 250 m/s
  • Portée: 3500 m
  • Undriff: Zweestufeg, Festdreifstoff
  • Gefechtskapp: Gewiicht: 3,9 kg
  • Typ: HEAT
  • Duerchschlag: 320+ mm, 1.050 mm (IMI-HEAT)
  • Steierung: SACLOS, Drot
  • Perforatioun: 450 mm (Blindage) / 1–2 m (arméierte Bëtong)

Trägersystemer:[änneren | Quelltext änneren]