Aloyse Hentgen
Aloyse Hentgen | |
---|---|
Gebuer |
16. Juli 1894 Riedgen |
Gestuerwen | 1. Dezember 1953 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
Partei | CSV |
Den Aloyse Hentgen gebuer de 16. Juli 1894 zu Riedgen, a gestuerwen den 1. Dezember 1953 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergeschen Affekot a Wirtschafts- a Landwirtschaftsminister a Resistenzler.
Hien huet vun 1913 bis 1916 zu Paräis an duerno zu Friburg an der Schwäiz Droit studéiert. Den 13. Juli 1917 huet e säin Eed als Affekot geleescht a gouf Member um Barreau vu Lëtzebuerg.
A senger Schüler- a Studentenzäit war hie Member vun der pennäler "Landsmannschaft" a spéiderer studentescher "Ferialverbindung" Amicita Luxemburgensis a vun 1917 un, war hien als President vum Akademikerveräin engagéiert, enger Studentenorganisatioun déi zwar offiziell onofhängeg war, u sech awer der Rietspartei an duerno där hirer Nofollgerin CSV nostoung. Doduerch krut hie Kontakter an d'Politik a gouf do als "kathoulesch an nationalistesch" betitelt. En huet versicht, d'Marie-Adélaïde géint d'Ugrëff vun de Lénken ze verdeedegen a war als Konter-Revolutionnär a Reaktionär géint den Uschloss un d'Belsch. Bei de Chamberwalen 1934 gouf en dem Eugène Dondelinger säin Nofollger als Chamber-Deputéierte vun der Rietspartei am Südbezierk.
Den 29. Februar 1920 huet en, mat nach anere Familljen, bei der Grënnung vun der éischter Lëtzebuerger Assurancëgesellschaft La Luxembourgeoise matgewierkt. Hie gouf do President vum Opsiichtsrot an duerno Administrateur-délégué (1923: Division assurances, 1933: Division banque).
Den 10. Dezember 1933 huet den Aloyse Hentgen d'Lëtzebuerger Basketball Federatioun matgegrënnt a war do vun 1933 bis 1936 President vum Comité.
Um Häerz louch em och de Scoutissem. Sou war en ë. a. virum Zweete Weltkrich Chef-Scout a vun 1944 bis 1948 Commissaire général vum Verband vun de Lëtzebuerger Scouten.
Am Zweete Weltkrich gouf den Aloyse Hentgen als Affekot vun der Lëscht vum Barreau gestrach a vun der Gestapo mat senger Famill an Däitschland déportéiert (1942-1945). Virum KZ gouf e vum Dr Hedfeld vu Kaub, wéinst enger Krankheet un där en effektiv gelidden huet, gerett.
Nom Krich war den Aloyse Hentgen Fraktiounspresident vun der CSV. Hien huet 1948/1949 déi éischt Initiativ ergraff fir d'Grënnung vun enger Jugendorganisatioun vu senger Partei am Südbezierk. De 14. Juli 1948 gouf hie Wirtschafts- an Agrikulturminister an der Regierung Dupong-Schaus-Bodson. No engem éischten Hiereschlag huet e sech den 2. September 1950 awer gezwonge gesi fir ze demissionéieren.
Den Aloyse Hentgen ass den 1. Dezember 1953 verscheet.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1952)[2]
- Commandeur avec couronne vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau[1]
- Grand-Officier vum Ordre d'Orange-Nassau[1]
- 1956 krut en nach posthum d'Kräiz vum Resistenzuerden.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Aloyse Hentgen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 Doudesannonce vum Aloyse Hentgen am Luxemburger Wort vum 4. Dezember 1953 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 26. Juli 2022
- ↑ Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1952 Memorial A N° 10 vun 1952 Archivéiert de(n) 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2013-01-04.
- Lëtzebuergesch Ministeren
- Lëtzebuergesch Deputéiert
- Lëtzebuergesch Resistenzler
- Lëtzebuergesch Affekoten
- Scoutissem zu Lëtzebuerg
- Landwirtschaftsministere vu Lëtzebuerg
- Membere vun der Assemblée consultative
- Ordre de la Résistance 1940–1944
- Commandeur de l'ordre de la couronne de chêne
- Commandeur avec couronne de l'ordre de mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Grand-Officier vum Ordre d'Orange-Nassau
- Gebuer 1894
- Gestuerwen 1953