Unio'n vun de Fräiheetsorganisatiounen

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Plack um 121, rue de Bonnevoie zu Bouneweg

D'Unio'n vun de Fräiheetsorganisatiounen (Unio'n)[1], ass eng Organisatioun vu Resistenzler, déi am Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg gegrënnt gouf an um Dag vum 23. Mäerz 1944 aus dem Zesummeschloss vun der L.P.L., der L.V.L., dem L.R.L. an anere Resisistenzlermouvementer, kuerz virum Enn vum Krich, ervirgaangen ass. Am September 1944 ass och de L.F.B bäigetratt. Et war den deemolege Chef vun der L.V.L., Lucien Dury, deen 1943 Kontakt mat anere Resistenzorganisatiounen am Hibléck op eng Fusioun opgeholl huet. D'Resistenzmouvementer waren deemools duerch d'Razziaen an d'Verhaftungen duerch d'Gestapo all geschwächt ginn an et ass och drëm gaange fir e Mouvement ze schafen, deen als representativ Eenheet direkt no der Liberatioun optriede kënnt. Hie sollt och, duerch d'Schafe vun enger Miliz, direkt no der Befreiung, zur Oprechterhalung vun der Uerdnung bäidroen.

D'Unio'n (Unioun) huet nom Krich als Associatioun weiderbestanen, dat mam Zil d'Erënnerung un déi aktiv Resistenz an de Joren 1940-1945 lieweg ze halen. 2011 hat se nach zirka 150 Memberen, wouvun déi meescht Zäitzeie waren. Am Mäerz 2011 huet d'Organisatioun zu Bouneweg, um Haus an deem d'Unio'n gegrënnt gouf, eng Erënnerungsplack ubrénge gelooss.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hoffmann, Serge: Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. « UNIOUN vun de Lëtzebuerger Fräiheetsorganisatiounen », op www.unioun.lu (consulté le 24 août 2021)
  2. Luxemburger Wort vum 26. Mäerz 2011, S. 31: Commemoratiouns-Plack zu Bouneweg ubruecht. D'Plack ass um Nummer 121, rue de Bonnevoie.