Diskussioun:François-Xavier Wurth-Paquet

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

1885 ass hie Member vun enger Regierungscommissioun fir den Ënnerhalt vun den Archive ginn. 10 Joer drop war hie President vun der Archeologescher Gesellschaft, déi spéider d'Historesch Sektioun vum Institut Grand-Ducal sollt ginn.

Dat do misst kontrolléiert ginn. 1845 misst hie President vun der Archeologescher Gesellschaft gi sinn. Da misst hien 1835 Member vun enger Regierungscommissioun gewiiecht sinn! Déi eéischt Regierung war awer d'Regierung De la Fontaine vun 1848. Nom Text am Artikel François-Xavier Wurth-Paquet wier hien 10 Joer no sengem Doud President vun der Archeologescher Gesellschaft ginn. Dat kann dach net sënn.--Fliedermaus 17:16, 18 Oktober 2006 (UTC)

Gudden Owend. Hie war Matgrënner 1845 vun der Archeologescher Gesellschaft an hire President vun 1845-1853 an 1876-1885. --Cornischong 17:24, 18 Oktober 2006 (UTC)

Gudden Owend. Merci fir d'Informatioun. Elo misst een nach wëssen wéini e Member vun där Regierungscommissioun war.--Fliedermaus 17:34, 18 Oktober 2006 (UTC)

Moien, wees duerch Zoufall iergendee firwat de Mann Wurth-Paquet geheescht huet? Huet hie sech selwer sou genannt? Hat hien iergendwann d'Autorisatioun gefrot fir deen dueble Familljennumm offiziel kënnen ze droen, wéi dat bei verschiddene Leit de Fall war, wann d'Fra aus enger dichteger Famill koum? Et gëtt een allerdéngs guer näischt iwwer den Numm Paquet am Artikel gewuer. --109.129.42.253 18:28, 23. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]

Gudden Owend,
Ob hie sech scho selwer Wurth-Paquet genannt huet, hunn ech elo net erausfonnt; op jidder Fall ass Paquet den Numm vu senger Fra. Ech hunn déi entspriechend Detailer bäigesat. | GilPe (Diskussioun) 21:50, 23. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]