Alphonse Daudet

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Alphonse Daudet
Gebuertsnumm Louis Marie Alphonse Daudet
Pseudonym Piccolo
Gebuer 13. Mee 1840
Nîmes
Gestuerwen 16. Dezember 1897
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Schrëftsteller, Dramatiker, Dichter, Romancier, Autobiograph, Dréibuchauteur, Prosaist
Member vun Académie de Nîmes
Famill
Kanner Léon Daudet

Den Alphonse Daudet, gebuer den 13. Mee 1840 zu Nîmes am Departement Gard, a gestuerwen de 16. Dezember 1897 zu Paräis, war e franséische Schrëftsteller. Hie war de Papp vum Léon Daudet. Den Alphonse Daudet gouf um Paräisser Kierfecht Père Lachaise begruewen.

Literaresch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

1866 huet hien d'Lettres de mon moulin, publizéiert, e Wierk mat deem hien d'Opmierksamkeet vu ville Lieser op sech gezunn huet an dat hien an engem Liichttuerm op den Îles sanguinaires bei Ajaccio op Korsika verfaasst huet. Säin éischt gréissert Buch dogéint, Le Petit Chose (1868), huet kee groussen Intressi fonnt. Et ass am Fong d'Geschicht vu senge jonke Joren, déi hie mat vill Pathos an Eleganz erzielt huet. Am Joer 1872 huet hie seng berüümt Aventures prodigieuses de Tartarin de Tarascon erausbruecht an d'Bünestéck L'Arlésienne. Hien ass besonnesch mat dësen zwee Wierker, awer och mat de Contes du lundi bekannt ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alphonse Daudet – Biller, Videoen oder Audiodateien