Schlass Ell

Vu Wikipedia
Schlass Ell

D'Schlass vun Ell ass en herrschaftlecht Gebai an der Réidenerstrooss zu Ell, an der Gemeng mam selwechten Numm. Et ass a Privatbesëtz.

Et huet ± 560 m² Wunnfläch a bal 1.900 m² Fläch am Ganzen. Am Gebai ass ë. a. eng verwëlleft Kiche mat engem Bakuewen erhalen.

D'Schlass stéisst un d'Atert, an huet e Park vun 2 ha.

De 4. Dezember 2023 gouf et als national Kulturierfschaft klasséiert.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1156 goung eng éischt Kéier an engem Dokument vun enger Buerg zu Ell rieds. 1453 goufen d'Befestegungsanlagen an d'Tierm ofgebaut. Dat aktuellt Haus ass warscheinlech an de Mauere vum fréiere Donjon ageriicht. Iwwer der Entréesdier ass e Wope mat der Joreszuel 1635.[2]

Am Zweete Weltkrich war d'Waasserbuerg vun Ell déi deemools der Famill Godelet gehéiert huet, eng gutt Stopp fir en ettlech Refractairen déi tëscht 5 a 17 Méint do verstoppt waren.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Source, wou net anescht uginn: Ancienne seigneurie aux origines datant du 12e siècle. op engelvoelkers.com (nogekuckt: 2024-01-30).
  3. Deemools am Krich vum Georges Even ISBN 2-87963-586-1