Kapell Liewel

Vu Wikipedia
Kapell vu Leewel
Kapell vu Liewel (2014)

Kapell vu Liewel (2014)
Kapell vu Liewel (2014)
Uertschaft / Plaz Liewel
Par Atertdall
Sainte-Claire
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Walburga
Baujoer 1761
Koordinaten 49° 44’ 21.2’’ N
      05° 51’ 20.2’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell zu Liewel ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Atertdall Sainte-Claire an zu der Gemeng Biekerech gehéiert.

D'Patréinesch vun der Kierch ass d'helleg Walburga, där hiert Fest de 25. Februar gefeiert gëtt. Niewepatréiner ass den hellege Maternus.

D'Kapell steet op der Kräizung vum Biekerecherwee an dem Pallenerwee.

Zur fréierer Par Biekerech hunn ausser der Kapell vu Liewel och nach d'Kierch vu Biekerech, d'Kapell vun Hitten an d'Jobskapell um Kuelebierg zu Biekerech gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi ursprénglech Kapell gouf 1630 gebaut an huet aus dem Chouer an der Hallschent vum haitege Schëff bestan. 1761 gouf d'Schëff op seng haiteg Gréisst ëmgebaut. Dat Joer steet och um Schlosssteen iwwer der Aganksdier.

D'Kapell huet eng Klack vu 44 cm Duerchmiesser, 1819 vum Englebert Drouat gegoss an de 24. Oktober 1824 geweit. 1819 krut d'Kapell och e Kräizwee.

De 17. Oktober 2018 gouf s'op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Kapléin vu Liewel[änneren | Quelltext änneren]

Vu 1752 bis 1841 hat Liewel en eegene Kaploun:

  • 1752 - 1767: Peter Schiltz
  • 1768 - 1784: Joh. Nik. Schroeder
  • 1784 - 1791: Karl Majeris
  • 1794 - 1821: Christoph Reding
  • 1821 - 1841: Franz Nicolas Benz (genannt Pater Fränzchen)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bosseler, Nic, 1975: Beckerich, Hüttingen und Levelingen, in ihrer schicksalhaften Geschichte im Wandel der Jahrhunderte, Krippler & Cie, 332 S., S. 268-272

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Liewel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).