Diskussioun:Biekerech

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Bäisätzen:[Quelltext änneren]

gehéiert éischter an den Artikel Bierkerech: Och, dass de Camille Gira schon zënter 1990 Buergermeeschter vu Biekerech ass, weist, dass seng Pläng an Iddie fir dës Gemeng als Modelstad fir eng nohalteg Entwécklung ze platzéieren an d'Benotzung vun erneierbar Energien bäi den Awunner gutt ukommen.[1] --Clausekwis 13:52, 29. Sep. 2008 (UTC), merci un den Zinneke[äntweren]

"Elvange" feelt! --Cornischong 13:33, 21 November 2005 (UTC)

Salut:

Al Biekerecher Hausnimm.

Wou kann en déi Häiser fannen. Gëtt et déi iwerhaapt nach De Froestellert 20:41, 22 Februar 2007 (UTC)

Salut: Gutt Fro. Ouni Stroossennimm an Hausnummeren an ouni unzeginn, ob déi Haiser nach iwwerhaapt stinn, ass déi ganz Lëscht vun Al Biekerecher Hausnimm souwisou Kabes, well se keng Informatioune bitt. --Dat Krappegt vu Sëll 08:36, 23 Februar 2007 (UTC)

Bonjour: Ech si mat de Krapechen an de Froestellerten an dësem Sënn d'accord, well awer bemierken datt hei mol en Ulaf gemaach gouf fir op sou al Hausnimm opmierksam ze maachen. Ech hu mer och haut de Moien d'Méi gemaach fir zu Biekerech bei engem Bekannte nozefroen op et déi Nimm an Haiser gëtt. Et gëtt déi wirklech.

Ech hunn dann awer och eng Fro: Firwat ginn ann aner Duerfartikeln sou Haiser net opgezielt do gëtt et warscheinlech eng Parti déi interessant sinn.

Ech hunn och eng Parti vun den Artikele vum Les Meloure nogekuckt, well déi Fro hei gestallt gouf. Ech hunn dobäi erausfonnt datt seng Duerfbeschreiwungen am grousse ganze korrekt sinn. D'Baachen déi e beschriwwen huet och, woubäi en eng ganz Parti Feeler déi virdrun an den Artikel stoungen verbessert huet. Ech huelen dofir unn datt en hei och kee Kabes geschriwwen huet.

Pierrenilles 08:56, 23 Februar 2007 (UTC)

"Ech hunn och eng Parti vun den Artikele vum Les Meloure nogekuckt, well déi Fro hei gestallt gouf." Op watfir eng Fro bezitt sech dee Saz?

"Ech huelen dofir unn datt en hei och kee Kabes geschriwwen huet." Ech liesen aus dem Krappege sengem Kommentar net eraus, datt hei ee sollt Kabes geschriwwen hunn. Do steet, datt eng Lëscht ouni weider Informatioune, no senger Meenung, soll Kabes sinn. --Cornischong 10:38, 23 Februar 2007 (UTC)

Entschëllegt wann ech mech net kloer ausgedréckt hunn:
Hei goufen zwou Froe gestallt wou en déi Haiser fann kann an op et se nach gëtt.
Wou en se fanne kann war net schwéier eraus ze fannen. Wann se zu Knapphouschent wieren hätten se mat grousser Warscheinlechkeet am Artikel iwwer Knapphouschent gestaan.
Op et se nach gëtt war och net schwéier erauszefannen. Ech hu bei engem Bekannten ugeruff, mee ech huelen un op der Gemeng wier en daatselwecht gewuer ginn.
Wa mam Kaabes nëmmen d'Opzielung soll gemengt sinn (ech géif daat net als Lëscht betruechten, well soss sinn op d'mannst 100 Lëschten op der lëtzebuergescher Wikipedia Kabes), da fannen ech déi Behaaptung net korrekt. Et ass eng Informatioun och wann se net komplett ass a soll och esou betruecht ginn. Et ass natierlech méi einfach Froen ze stellen an ze kritizéieren wéi selwer Informatiounen ze sichen. (Dësen Text ass vum Pierrenilles)

Gudde Moien:

De Problem war an zwou Sekonne geléist an domat d'Diskussioun eriwwer. Les Meloures 09:07, 23 Februar 2007 (UTC)


Moien,
Firwat soll een déi Hausnimm net am Artikel stoe loossen, wann et se wierklech gouf (oder nach eventuell gëtt)? De Pierrenilles huet sech jo d'Méi gemaach fir nozefroen ob se stëmmen. Ech fannen et net schlecht fir déi Hausnimm gewuer ze ginn, och wann een (am Moment) net méi Informatiounen iwwer déi eenzel Hausnimm huet. Ech maachen duerfir de Virschlag fir d'Hausnimm erëm an den Artikel ze setzen.--Fliedermaus 09:34, 23 Februar 2007 (UTC)

"Firwat ginn ann aner Duerfartikeln sou Haiser net opgezielt". D'Äntwert wäert grujelech einfach sinn. Do geet et net duer fir déi an den Artikel ze guggelen. Do ass "Feldfuerschung" néideg. Et geet awer och net duer, fir ze schreiwen "Et gëtt déi wirklech.". Dat kann net d'Basis vun engem Noschlowierk sinn. Ee Grond méi, datt sech hei emol mat deene Saache soll beschäftegt ginn. Déi Saach mat Biekerech ass an der Maach. Këmmert Iech also mol ëm déi aner Uertschaften. Vläicht och Sëll!? Merci. --Cornischong 09:57, 23 Februar 2007 (UTC)

  1. Nicolas Raulot: "Développement durable. Beckerich... et célèbre"; dans: PaperJam, p. 18; Septembre/Octobre 2008; Luxembourg