Concours littéraire national 2018

Vu Wikipedia

De Concours littéraire national 2018 war ee lëtzebuergesche Literaturconcours, dee vum Kulturministère organiséiert gouf. En huet sech 2018 ëm Theaterstécker gedréint.

Auteuren, déi Lëtzebuerger sinn oder zu Lëtzebuerg wunnen, konnte bis den 2. Juli 2018 déi vun hinne verfaasst Theaterstécker, no Modalitéiten, déi vum Kulturministère festgeluecht gi waren, erareechen.[1]

Wéi virdru gëtt et zwou Kategorië Präisser: fir Auteuren tëscht 15 a 25 Joer, a fir déi méi al.

Gewënner[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. Präis goung un de Romain Butti fir säi Stéck Fir wann ech net méi kann. Geheimdienstkönige vum Charles Meder krut den 2. Präis, iwwerdeems den 3. un de Samuel Hamen goung, fir säin Tagebuch des Fremdalterns.[2]

D'Anna Leader gouf fir Outlast mam 1. Präis an der Katagorie "Jeunes auteurs" ausgezeechent.

Den nationale Literaturpräis gouf de 4. Dezember 2018 am nationale Literaturzenter zu Miersch iwwerreecht.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Le Concours littéraire national 2018 portera sur la pièce de théâtre." Communiqué op gouvernement.lu, 21.9.2017.
  2. "Résultats du Concours littéraire 2018." Communiqué op gouvernement.lu, 6.11.2018.