Concours littéraire national 2014

Vu Wikipedia

De Concours littéraire national 2014, dee wéi déi Jore virdru vum Kulturministère organiséiert gouf, huet sech 2014 ëm historesch Romaner gedréit.

Den 1. Präis goung un Emile: Un enfant des Lumières vum Claude Schmit. Den 2. Präis huet The Last Battle of Jean de Beck vum Jeff Thill gewonnen.[1]

Den éischte Präis an der Kategorie "Jugend" krut d'Anna Leader fir hire Roman A Several World Vienna 1912-1919.[1]

De Jury huet sech zesummegesat aus Stephanie Geissen, Jean Back, Romain Schroeder, Patrick Versall an hirem President dem Pascal Seil.[1]

D'Präisiwwerreechung war den 2. Dezember 2014.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 "Resultater vum Concours littéraire 2014: Dräi Romaner goufen ausgezeechent." RTL.lu, 27.10.2014, 15:41:35.