Op den Inhalt sprangen

Concours littéraire national 2025

Vu Wikipedia

De Concours littéraire national 2025 ass ee lëtzebuergesche Literaturconcours, dee vum Kulturministère organiséiert gëtt. En dréint sech 2025 ëm Romaner.[1]

Auteuren, déi musse Lëtzebuerger sinn oder zu Lëtzebuerg wunnen, kënne bis den 30. Juni 2025 déi vun hinne verfaasst Texter, no Modalitéiten, déi vum Kulturministère festgeluecht goufen, areechen. Si kënnen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an/oder Englesch sinn.

Wéi virdru gëtt et zwou Kategorië Präisser: fir Auteuren vun 12 bis 19 Joer, a fir déi méi al.

D'Iwwerreechung vun de Präisser war den 2. Dezember 2025 am Nationale Literaturzentrum.

Ënner den 56 agereechte Stécker huet de Jury déi heiten ausgezeechent[2]:

Jonk Auteuren

Vun de 5 agereechten Texter goung den 1. Präis u Silent Screams vun der Maude Blaschette.

De Jury huet sech, ënner der Presidence vum Antoine Pohu, zesummegesat aus der Sofia Cumming, der Sonia Da Silva, dem Helmuth Sperl an der Jil Weiler.

Den éischte Präis war mat 7.500 Euro dottéiert. Fir den 2. Präis gouf et 4.000.Euro, a fir deen drëtten der 3.000, gradewéi och fir den 1. Präis fir jonk Auteuren.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "Annonce du sujet du Concours littéraire national 2025." Communiqué op gouvernement.lu, 10.10.2024.
  2. "Annonce des lauréates du Concours littéraire national 2025" Communiqué op gouvernement.lu, 21.10.2025.