Concours littéraire national 2007
Ausgesinn
De Concours littéraire national 2007 ass déi 28. Oplo vum Concours littéraire national an ass fir e literarescht Wierk gemënzt, bei deem den Auteur selwer de Genre festleet. D'Theema vum Concours ass ginn: "De Bléck vu baussen", "Luxembourg dans le regard de l'Autre", "Der Blick von draussen", "Looking from outside".
De "Bléck vu baussen" ka vun engem Immigréierten, engem Friemen, engem Asylufroenden, engem Frontalier... kommen.
Den 10. Dezember 2007 war am Servais-Haus zu Miersch, dem Sëtz vum Centre national de littérature, déi offiziell Proklamatioun vun de Präisser an de Mentiounen.
Präisser
[änneren | Quelltext änneren]- Den 1. Präis goung un de Guy Rewenig fir Le chef d'orchestre à la baguette de bambou
- Deen een 3. Präis goung de Georges Hausemer fir Rund um den Schuh
- Deen aneren 3. Präis krut d'Ariel Wagner-Parker fir Home from Home
Mentioune gouf et keng.
-
De Guy Rewenig, 1. Präis.
-
De Georges Hausemer, 3. Präis
Jury
[änneren | Quelltext änneren]D'Jury war besat mat:
Musekskader
[änneren | Quelltext änneren]De musekalesche Kader gouf vum Greg Lamy, op der Gittar a vum Boris Schmidt um Kontrabass offréiert.