Concours littéraire national 2016

Vu Wikipedia

De Concours littéraire national 2016 ass ee lëtzebuergesche Literaturconcours, dee vum Kulturministère organiséiert gouf. E goung 2016 ëm Kanner- a Jugendliteratur.

Auteuren, déi hu misse Lëtzebuerger sinn oder zu Lëtzebuerg wunnen, konnte bis den 1. Juli 2016 hiert Manuskript op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch oder Englesch areechen.[1]

De Bernd Marcel Gonner huet mat der Geschicht Pirat, oder Seeräuber sterben nie bei de Kannerbicher gewonnen (8-12 Joer). Dem James Leader seng Novell The Venus Zone krut de Präis fir Jugendliteratur.[2]

Am Jury waren d'Nicole Sahl (Presidentin), de Jeff Baden, d'Laurence Hilger-Weber, d'Christiane Kremer an de Jean Peffer.

D'Präisiwwerreechung war de 7. Dezember 2016 zu Miersch am Nationale Literaturzentrum.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Concours Littéraire National: Fokus 2016 op Kanner- a Jugend-Literatur." rtl.lu, 2.09.2015, 15:43:46.
  2. "Nationale Literaturconcours; Kannerpräis fir 'Pirat', Jugendpräis fir 'The Venus Zone'." rtl.lu, 10.11.2016, 22:06:29.