Concours littéraire national 2023

Vu Wikipedia

De Concours littéraire national 2023 ass ee lëtzebuergesche Literaturconcours, dee vum Kulturministère organiséiert gëtt. En dréint sech 2023 ëm Dréibicher fir Film (Fiktioun, Animatioun, Experimentalfilm).

Auteuren, déi musse Lëtzebuerger sinn oder zu Lëtzebuerg wunnen, kënne bis den 12. Juni 2023 déi vun hinne verfaasst Texter, no Modalitéiten, déi vum Kulturministère festgeluecht goufen, areechen. Si kënnen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an/oder Englesch sinn.[1]

Wéi virdru gëtt et zwou Kategorië Präisser: fir Auteuren tëscht 12 an 19 Joer, a fir déi méi al.

De Jury setzt sech zesummen aus Eileen Byrne, Claude Kremer, Christiane Kremer, Viviane Thill a Claude Waringo.

Gewënner[änneren | Quelltext änneren]

D'Gewënner gi viraussiichtlech Enn 2023 bekannt gemaach.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Annonce du sujet du Concours littéraire national 2023." Communiqué op gouvernement.lu, 18.10.2022.