Concours littéraire national 2024

Vu Wikipedia

De Concours littéraire national 2024 ass ee lëtzebuergesche Literaturconcours, dee vum Kulturministère organiséiert gëtt. En dréint sech 2024 ëm Theaterstécker.

Auteuren, déi musse Lëtzebuerger sinn oder zu Lëtzebuerg wunnen, kënne bis den 1. Juli 2024 déi vun hinne verfaasst Texter, no Modalitéiten, déi vum Kulturministère festgeluecht goufen, areechen. Si kënnen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an/oder Englesch sinn. [1]

Wéi virdru gëtt et zwou Kategorië Präisser: fir Auteuren tëscht 15 a 25 Joer, a fir déi méi al.

Gewënner[änneren | Quelltext änneren]

D'Gewënner gi viraussiichtlech Enn 2024 bekannt gemaach.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Communiqué op gouvernement.lu, 19.10.2023.