Concours littéraire national 2020

Vu Wikipedia

De Concours littéraire national 2020 ass ee lëtzebuergesche Literaturconcours, dee vum Kulturministère organiséiert gëtt. En dréint sech 2020 ëm Gedichtsbänn.

Auteuren, déi Lëtzebuerger sinn oder zu Lëtzebuerg wunnen, konnte bis den 9. Juni 2020 déi vun hinne verfaasst Gedichtsrecueilen, no Modalitéiten, déi vum Kulturministère festgeluecht goufen, areechen. Si kënnen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an/oder Englesch sinn.[1]

Wéi virdru gëtt et zwou Kategorië Präisser: fir Auteuren tëscht 15 a 25 Joer, a fir déi méi al.

De Jury war zesummegesat aus dem Claude Bommertz, Sarah Lippert, Tonia Raus, Lambert Schlechter a Raoul Walisch.

Gewënner[änneren | Quelltext änneren]

D'Ulrike Bail huet den éischte Präis fir statt einer ankunft gewonnen; deen zweete goung un de Serge Basso de March fir Petite cosmogonie des poèmes avec jardin, an deen drëtten un de Paul Mathieu fir à bord. Bei deene Jonke bis 25 Joer krut den Tom Weber deen éischte Präis fir fluides herz.[2]

67 Tapuscripter goufen 2020 agereecht, dovun der 52 an der Kategorie "Erwuessener" a 15 an der Kategorie "Jonker". Den nationale Literaturpräis gëtt den 8. Dezember 2020 am nationale Literaturzenter zu Miersch iwwerreecht.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "La 41e édition du Concours littéraire national portera sur le recueil de poésie ." Communiqué op gouvernement.lu, 25.10.2019.
  2. 2,0 2,1 "Résultats du concours littéraire national 2020." Communiqué op gouvernement.lu, 16.10.2020 (gekuckt 20.10.2020).