Concours littéraire national 2021

Vu Wikipedia

De Concours littéraire national 2021 war ee lëtzebuergesche Literaturconcours, dee vum Kulturministère organiséiert gouf. En huet sech 2021 ëm Kanner- a Jugendliteratur gedréint. Auteuren, déi Lëtzebuerger sinn oder zu Lëtzebuerg wunnen, konnte bis den 28. Juni 2021 hir Typoskripten, no Modalitéiten, déi vum Kulturministère festgeluecht goufen, areechen. D'Texter konnten op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an/oder Englesch sinn[1].

Wéi virdru gouf et zwou Kategorië Präisser: fir Auteuren tëscht 15 a 25 Joer, a fir déi méi al. Anescht wéi soss gouf zousätzlech tëscht Literatur fir Kanner an där fir Jugendlecher ënnerscheet, sou datt am Ganze 4 Präisser ze vergi waren.

De Jury war zesummegesat aus der Anne-Marie Antony, dem Claude Kremer (President), dem Romain Sahr, der Tamara Sondag an dem Jeff Thill[2].

Gewënner[änneren | Quelltext änneren]

Aus den am Ganze 56 Soumissioune goufen dës Auteuren ausgezeechent:

De Marc Weydert an d'Marie-Isabelle Callier kruten deen éischte Präis an der Kategorie Kannerliteratur fir Verdruddelt Geschichten; d'Claudine Muno mat Dëst ass net däi Liewen den éischte Präis an der Kategorie Jugendliteratur.

Bei de jonken Auteuren ënner 25 Joer krut d'Lena Differding fir Wasser gegen Sturm – Die Kräfte der vier Elemente den éischte Präis an der Kategorie Kannerliteratur an d'Eline Klaassen deen an der Jugendliteratur fir Die Bibliothek der gescheiterten Schriftsteller[2].

D'Präisser goufen den 8. Dezember 2021 am Lëtzebuerger Literaturarchiv zu Miersch vun der Josée Hansen am Numm vun der Kulturministesch Sam Tanson iwwerreecht[3].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Règlement du Concours littéraire national 2021." Communiqué vum Kulturministère, gekuckt 2021-09-12.
  2. 2,0 2,1 "Gewënner vum Concours littéraire national 2021 sinn annoncéiert." rtl.lu, 28.10.2021.
  3. Remise des prix du Concours littéraire national 2021. mc.gouvernement.lu (08.12.2021). Gekuckt de(n) 10.12.2021.