Eileen Byrne

Vu Wikipedia
Eileen Byrne
Gebuer 1984
Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmregisseur

D'Eileen Byrne, gebuer 1984 zu Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Filmregisseurin.

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Si ass d'Kand vun enger däitscher Mamm an engem franséisch-schottesche Papp. Schonn an hirer Jugend huet si éischt Theaterstécker a Musicalle geschriwwen. No hirem Secondaire-Ofschloss an der Europaschoul huet si e puer Stagë bei Filmproduktiounsgesellschaften zu Lëtzebuerg gemaach. Si huet "performing arts" am englesche Winchester an Theater, Musek, Konschtgeschicht a Filmregie zu München studéiert. ​2012 an 2013 huet si zousätzlech e Master a Filmregie zu Toulouse gemaach.

Vun 2006 un huet si dernieft ugefaangen als "Script Supervisor" ze schaffen. Wärend hire verschiddene Studien huet si schonn e puer Kuerzfilmer gedréint, déi och op verschiddene Filmfestivaller gelaf sinn, dorënner de Legal.illegal mat der Vicky Krieps.

Si war ee vun den Dréibuchauteure vum Kannerfilm D'Schatzritter an d'Geheimnis vum Melusina (2012).

2013 huet si bei enger Episod vun der lëtzebuergescher Sitcom Comeback Regie gefouert.

Hiren Ofschlossprojet, de Kuerzfilm Was bleibt (2019), gouf ënner anerem fir den amerikanesche Studentenoscar ("Student Academy Award") an der Kategorie "Narrative (International Film Schools)" nominéiert.[1] E war och fir den Nowuesspräiss First Steps an der Kategorie "Kuerz- an Animatiounsfilm" nominéiert. Dee Präis ass fir déi bescht Ofschlossfilmer vun de Filmschoulen an den däitschsproochege Länner.[2] Och beim Lëtzebuerger Filmpräis 2021 war de Film als "Beschte Kuerzfilm" nominéiert. E gouf um LuxFilmFest, um Filmfestival Max Ophüls Preis zu Saarbrécken, um Filmfestival vu Palm Springs an um polnesche Festival Camerimage, deen op Kameraaarbecht spezialiséiert ass, gewisen. Am Film geet et ëm eng Fra, déi Broschtkriibs huet, a wéi hire Kampf géint d'Krankheet hir Bezéiung belaascht.[3][4]

D'Eileen Byrne huet eng Episod (Kayane) vun der franséisch-belsch-lëtzebuergescher Documentairesserie Ex aequo! gedréint, déi 2021 ausgestraalt gouf.

Filmographie als Regisseurin[änneren | Quelltext änneren]

  • 2008: Mena (Kuerzfilm)
  • 2008: La nuit passée
  • 2011: Legal.illegal
  • 2013: Comeback - Episod "Verréckt no dir"
  • 2019: Was bleibt (och nach: Touch me) (Kuerzfilm)
  • 2021: Ex Aequo - Episod "Kayane"

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. oscars.org: Meet the 2018 Student Academy Awards Finalists (12. August 2018)
  2. filmportal.lu: Die Nominierungen für die First Steps Awards 2018 (14. August 2018)
  3. luxfilmfest.lu: Was bleibt
  4. filmandtvnow.com: Interview Special: Eileen Byrne – ‘Touch Me’ (1. Juli 2019)