Boris Schmidt

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Boris Schmidt, gebuer 1983 zu Lëtzebuerg, ass e Kontrabassist, Saxophonist a Pianist.

Mat siwe Jer huet hien ugefaange mat klasseschem Saxophon, an duerno mat Piano. Zu Rossignol an der Belsch huet hien 1998 Jazzsaxophon beim Alexandre Plumacker, Nicolas Dory, Jacques Pirotton a beim André Klenes geléiert.

1999 huet hie sech den Electrobass selwer bäibruecht an 2002 huet en ugefaangen, beim Marc Demuth Kontrabass ze léieren. Vun deem Ament un huet en déi aner Intrumenter si gelooss an en ass 2003 op Den Haag gaangen, fir do um kinnekleche Conservatoire bei Leit wéi dem Hein van de Geyn, Frans van der Hoeven, Uli Glaszmann, John Ruocco an dem Eric Ineke ze studéieren.

De Boris Schmidt trëtt meeschtens als Jazzmuseker an de Benelux-Länner op. En ass awer och mat der Al Museksgrupp L'Arpeggiata ze héieren.