Lycée Nic-Biever
De Lycée Nic-Biever, kuerz LNB, ass e lëtzebuergesche Lycée zu Diddeleng, deen nom Nic Biever genannt ass.
Historique[änneren | Quelltext änneren]
E geet zréck op eng Mëttelschoul, déi duerch e groussherzoglecht Reglement vum 12. Juli 1968 zu Diddeleng geschaf gouf. D'Course waren ufanks an zwee Gebaier, déi mat Primaireschoule gedeelt goufen, gehale ginn, d'Administratioun war an enger Villa, an där virdrun e Sanatorium war.
Duerch groussherzoglecht Reglement vum 14. Dezember 1970 gouf e Centre d'enseignement professionnel geschaf an un de Collège d'enseignement moyen de Dudelange ugegliddert. Dësen neie Schoulkomplex krut d'Bezeechnung Collège d'enseignement moyen et professionnel de Dudelange.
Am Parc vun där Villa gouf dann dat Schoulgebai gebaut, dat haut nach steet, an dat den 20. Oktober 1973 ageweit gouf. Bei där Geleeënheet gouf d'Schoul a Collège Nic.-Biever ëmbenannt.
1974/75 koumen och Klassen aus dem Enseignement complémentaire an d'Gebai, a vun 1975/76 un, Septièmes-, Sixièmes- a Cinquièmes-Klassen aus dem Secondaire général (classique & moderne).
Duerch en arrêté ministériel vum 23. Mee 1979 krut de Collège Nic.-Biever d'Erlaabnes fir 10 Joer laang eng polyvalent Schoul fir dat 7. bis 9. Schouljoer anzeféieren.
1979 ass d'Schoul an e Lycée technique ëmgewandelt ginn an dréit deemno den Numm Lycée technique Nic. Biever (LTNB).
1980-1984 ass d'Gebai vergréissert ginn, an 1988 gouf d'Verwaltungsgebai restauréiert, fir doran ënner anerem eng Bibliothéik (déi no der Aline Mayrisch-de Saint-Hubert genannt ass) an Aarbechtsraim ënner ze bréngen.
Wéi de Lycée och Klassen aus der Division supérieure vum Sekundarunterricht opgeholl huet, gouf en 2010 a Lycée Nic-Biever ëmbenannt.
Direkteren[änneren | Quelltext änneren]
- 1969 - 1978: Cornel Meder
- 1978 - 1984: Ernest Hansen
- 1984 - 1987: Pierre Clees
- 1987 - 1989: Paul Lenert
- 1989 - 2010: José Leiner
- zanter 2010: Roger Roth
Zuel vun de Schüler[änneren | Quelltext änneren]
- 1968/1969: 79
- 1971/1972: 287
- 1974/1975: 500
- 1977/1978: 540
- 1980/1981: 752
- 1983/1984: 872
- 1986/1987: 682
- 1989/1990: 600
- 1992/1993: 630
- 1995/1996: 825
- 2001/2002: 1175
- 2004/2005: 1250
- 2010/2011: 1600
- 2016/2017: 1656
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- 25e anniversaire : 1968-1993. Lycée technique Nicolas Biever. Dudelange: LTNB 1993.
- 50 Joer Lycée Nic Biever. 1968-2018. Dudelange: LNB 2018.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
- Websäit vum Lycée Nic-Biever
- Loi du 16 août 1965 portant création de l'enseignement moyen
- Règlement grand-ducal du 12 juillet 1968 portant création d'un Collège d'enseignement moyen à Dudelange
- Règlement grand-ducal du 14 décembre 1970 portant création d'un centre d'enseignement professionnel à Dudelange
- Règlement grand-ducal du 13 juillet 1979 transformant... le Collège d'enseignement moyen et professionnel de Dudelange,... en lycées techniques et leur octroyant des dénominations particulières
- Loi du 16 juin 2010 modifiant la dénomination du Lycée technique Nic. Biever et étendant son offre scolaire à la division supérieure de l'enseignement secondaire.