Pierre Seck
Pierre Seck | |
---|---|
Gebuer | 10. Mäerz 1945 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Cheemiker |
De Pierre Seck, gebuer den 10. Mäerz 1945 zu Diddeleng,[1] ass e lëtzebuergesche Cheemiker a Chimiesprofesser.
De Pierre Seck, deen am Mäerz 2010 a Pensioun gaangen ass,[2] war Directeur des études op der Universitéit Lëtzebuerg, Professer op der Faculté des sciences, de la technologie et de la communication.
1968 huet hie matgehollef, de Centre universitaire de Luxembourg opzebauen, a gouf 1987 President dovun. 1984 huet hie sech am Wäissbuch Une université au Luxembourg fir d'Schafe vun enger Universtitéit zu Lëtzebuerg staark gemaach. Och fir d'Kreatioun vum Centre national pour la recherche scientifique, dee spéider d'Kreatioun vum Centre de recherche public mat sech bruecht huet, huet hie sech agesat.[3]
Hien ass zanter 1998 President vun der Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques vum Institut grand-ducal.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Grand officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg
Publikatiounen (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Seck, P., 1977. Recherches dans la série des Dibenzo Thiinnes molécules analogues du principe actif du haschisch. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, N.S. 37 (1974-1976), S. 79-89.
- Seck, P., 1987. Synthèse d'éthers arylcycloalkylidène-2 propyliques. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, N.S. 40 (1981-1984), S. 91-95.
- Seck, P. & G. Kirsch, 2000. Synthèse de dérivés polycycliques hétéroatomiques à activité antitumorale potentielle. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, N.S. 43, 2000, S. 219-230.
- Seck, P. & G. Kirsch, 2002. Synthèse de dérivés polycycliques hétéroatomiques à activité antitumorale potentielle (2e partie). Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, N.S. 44, S. 255-265.
- Seck, P., 2002. Hommage à René Weiss (1915 - 2001). Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, N.S. 44, S. 297-299.
- Thomae, D., G. Kirsch, P. Seck, 2007: Synthesis of thiophene analogues of the tacrine series. Journal of Synthetic Organic Chemistry (2007) (7), S. 1027-1032.
- Perspicace, E., D. Thomae, G. Hamm, S. Hesse, G. Kirsch, P. Seck, 2009. Synthesis of substituted Selenolo[3,2-d][1,2,3]triazines and [1,3]Selenazolo[4,5-d][1,2,3]triazines. Journal of Synthetic Organic Chemistry (2009) (20), S. 3472-3476.
- Thomae, D., E. Perspicace, D. Henryon, Z. Xu, S. Schneider, S. Hesse, G. Kirsch & P. Seck, 2009. One-pot synthesis of new tetrasubstituted thiophenes and selenophenes. Tetrahedron, 65 (2009), No. 50, S. 10453-10458.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Weider Artikelen sinn op der Websäit vun der Uni Lëtzebuerg ze fannen. [1]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ G. Hausemer: Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A–Z. Éditions Binsfeld, Luxembourg 2006, S. 393.
- ↑ B. Pfaus-Ravida: Pierre Seck geht nach über 40 Jahren Tätigkeit für die Luxemburger Hochschule in Rente: Er glaubte immer an die Uni. Luxemburger Wort, Nr. 66, 19. Mäerz 2010, S. 16.
- ↑ Programmheft radio 100,7, Februar 2011, S.23.