Jean Nicolas Badu
Jean Nicolas Badu | |
---|---|
Gebuer |
25. November 1846 Lëntgen |
Gestuerwen |
3. Januar 1925 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
De Jean Nicolas Badu, gebuer de 25. November 1846 zu Lëntgen a gestuerwen den 3. Januar 1925 an der Stad Lëtzebuerg, war Direkter vun der lëtzebuergescher Forstverwaltung, der Administration des eaux et forêts.[1]
Am Ufank vu senger Carrière an der Forstverwaltung war de J.-Nicolas Badu Forstaccessist zu Schengen. Den 13. August 1884 ass hie garde général de 2e classe ginn an hie krut d'Cantonnement Dikrech zougewisen. Den 23. Januar 1889 gouf hie garde général de 1re classe. De 27. September 1904 ass hien inspecteur des eaux et forêts genannt ginn. Hie war elo de Chef vun der Forstverwaltung. Duerch d'Gesetz vum 7. Abrëll 1909, dat dës Verwaltung reorganiséiert huet, krut hien deen nei geschaaften Titel Direkter vun der Forstverwaltung.[1]
De Badu war Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois, an där hirem Bulletin no sengem Doud am Joer 1925 e kuerzen Noruff publizéiert gouf[2], grad sou wéi dat scho virdrun am Luxemburger Tageblatt de Fall war.[3]
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]De Badu war Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1896)[4] a Chevalier de 1re classe (avec couronne) vum Ordre d'Adolphe de Nassau.[1]
Publikatioun
[änneren | Quelltext änneren]- Badu, J.N., 1920. La pisciculture dans le Grand-Duché. La Vie aux Champs (Paris), Série 3, N° 4 (25 mai), S. 20.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Massard, J.A., 2015. Der Mythos vom letzten Wolf in Luxemburg. Der 1893 bei Olingen erlegte Wolf war nicht der letzte. Wölfe traten noch viel später als bisher angenommen in Luxemburg auf. – Erweiterte Online-Version einer im November 2015 im “Lëtzebuerger Journal” (Nr. 258-260) veröffentlichten dreiteiligen Serie. [2]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 Massard 2015.
- ↑ Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 35, S. 1.[1]
- ↑ Luxemburger Tageblatt 1925-01-06: 3, Nr. 4, Sterbefall.
- ↑ Memorial A N°46 vun 1896 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen