Eech zu Guedber


Déi bemierkenswäert Eech zu Guedber ass eng Summereech (Quercus robur; chêne pédonculé; Stieleiche) déi an der Kierfechtstrooss (rue du cimetière) steet, ongeféier 150 m vun der Kierch ewech.
Wéinst hirer Mächtegkeet an der Plaz wou se steet gehéiert si zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.
D'Eech, déi virum fréiere Paschtoueschhaus steet, ass am Duerf als déi al Eech aus der Häregaass bekannt.
De Wuesstem vum Stamm gouf vun der Mauer laanscht d'Strooss behënnert, wouropshin d'Schuel vum Bam iwwer d'Mauer ewech bis op den Trottoire erof gewuess ass.
1815 goufen dem Bam all Äscht ewechgeschnidden. 2019 ass d'Kroun also 204 Joer al. Den Alter vum Stamm gëtt op ronn 250 Joer geschat.
Den 29. Mäerz 1974 gouf dës Eech op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter um Inventaire supplémentaire agedroen.[1]
D'Stammdéckt op Broschthéicht huet sech follgendermoossen entwéckelt:
Interessantes[änneren | Quelltext änneren]
- Der mëndlecher Iwwerliwerung no stounge fréier op dëser Plaz 5 oder 6 aner gewalteg Eechen, déi tëscht 1860 an 1880 ëmgeluecht goufen (Weins 1963).
- An der Broschür déi 1963 bei Geleeënheet vum 35. Anniversaire vun de Guedber Pompjeeën erauskoum, schreift de Norbert Weins iwwer déi al Eech:
... Für die meisten Einwohner aus Godbringen führt die letzte Reise unter ihrem Schatten durch. Wieviel freudige, aber auch wieviel gramgebeugte Menschen schritten schon unter ihrem mächtigen Astwerk hindurch? Ja, wenn sie nur reden könnte!
Quellen[änneren | Quelltext änneren]
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 40-41, Text a Foto.)
- Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 26-27, Foto an Text).
- Weins, N., 1963. 30me anniversaire du corps des sapeurs-pompiers de Godbrange et fête cantonale des sapeurs-pompiers du canton de Grevenmacher (Godbrange (Junglinster), 100 S. (Cf. S. 32. Den Artikel ass ouni Auteur. An den Arbres remarquables, 2002, gëtt den Artikel dem Norbert Weins zougeschriwwen).
Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]
![]() |
![]() |
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: remarkable oak in Godbrange – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 15. November 2023).