Eech zu Biereng

Vu Wikipedia
D'Eech op der Kluckelay.
D'Eech vun uewen erof gesinn. Am Hannergrond: den Uelzechtdall.
D'Eech am Ufank vum 20. Joerhonnert (Faber 1915).

Déi bemierkenswäert Eech zu Biereng ass eng Wantereech (Quercus petraea, chêne rouvre ou chêne sessile, Trauben- oder Wintereiche) déi am Nordoste vu Biereng op engem opfällege Fiels vum Lëtzebuerger Sandsteen, der Kluckelay, steet.

D'Eech ass bemierkenswäert wéinst deem dominanten Androck deen si op 'hirem' Fiels mécht. Si ass duerch Arrêté ministériel vum 29. Mäerz 1974 als Nationalmonument klasséiert.[1]

De Bam ass sécher däitlech méi al wéi seng Gréisst an d'Déckt vum Stamm et uweisen, dëst well déi dënn Buedemschicht um Fiels net genuch Waasser fir e normale Wuesstum späichere kann. D'Wuerzele vun der Eech sinn op der Sich no Fiichtegkeet duerch d'Splécke bis un d'Basis vum Fiels gedrongen, wou se zum Deel aus dem Fiels eraus gewuess sinn.

D'Eech fënnt ee wann een zu Biereng d'Strooss op de Bierengerbierg (ass zu Biereng ausgeschëldert) eropfiert, a sech op der Kräizung uewen am Hank riets hält. Ronn 500 m duerno fënnt een de Bam riets vum Wee.

Den Ëmfank vum Stamm um Fouss vun der Eech huet follgendermoossen zougeholl:

  • 1907: 1,90 m
  • 1958: 2,60 m
  • 1980: 3,60 m, bei enger Gréisst vu 14 m
  • Ëm 2000 gouf eng Stammdéckt op Broschthéicht vun 2,04 m gemooss, bei enger Gréisst vu 15 m.

Geographesch Koordinaten: 49° 45’ 40.23’’ N 06° 07’ 42.32’’ O

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des Eaux et Forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 32-33, Text a Foto. Och eng Reproduktioun vun der Foto vum Faber 1915).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 42-43, Foto an Text).
  • Modert, Paul, 1962. Die Baumriesen des Luxemburger Landes. Erster Teil. Die Eichen, Linden und Buchen. 32 S. Broschür ouni Numm vum Editeur a vun der Dréckerei. (Cf. Tabell S. 8).
  • Faber, Ernest, 1915. Merkwürdige Baumgestalten aus dem Grossherzogtum Luxemburg. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois. Festschrift zur Feier des 25jährigen Bestehens (1890-1915). S. 335-417 (Cf. S. 341, Foto 34 S. 409). Dréckerei P. Worré-Mertens. PDF

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mémorial B N°77 (2003)