Eech zu Mutfert

Vu Wikipedia
D'Eech zu Mutfert, Richtung Pläitrenger Haff gekuckt.
E gewaltege Stamm.
D'Eech zu Mutfert, Richtung Pläitrengerhaff gekuckt.

D'Eech zu Mutfert ass eng Summereech (Quercus robur; chêne pédonculé; Stieleiche) a steet am Ausgank vu Mutfert, laanscht Strooss déi op de Pläitrengerhaff féiert.

Hiren Alter gëtt op ronn 250 Joer geschat.

Um Enn vum éischte Weltkrich gouf dës Eech zum Fräiheetsbam (arbre de la liberté 1914-1918) ernannt, wat hiren Erhalt geséchert huet. Ëm de Bam huet d'Gemeng eng fräi Plaz mat Wues a jonke Beem ugeluecht.

1976 gouf d'Eech verstäerkt a geséchert.

1980 gouf en Ëmfank op Broschthéicht vu 4,80 m gemooss, bei enger Gréisst vun 29 m. Ëm 2000 waren et 5,02 m, bei enger Gréisst vun 30 m.

Dës Eech gouf fir d'éischt 1981 als bemierkenswäerte Bam gefouert.

Geographesch Koordinaten: 49° 35’ 16.50’’ N 06° 15’ 53.59’’ O

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des Eaux et Forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 54-55, Text a Foto).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 20-21, Foto an Text).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Bemierkenswäert Beem um Pläitrengerhaff:
Eechen nieft dem Weieer
Lannen am Agank vum Haff
Spirebeem am Bongert

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eech zu Mutfert – Biller, Videoen oder Audiodateien

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

|

Mutfert am Hannergrond.