Eechen zu Munzen

Vu Wikipedia
Déi zwou Eechen an hirem Ëmfeld.
Detail vun den Eechen.

Déi zwou Eechen zu Munzen si Wantereechen (Quercus petraea, Traubeneiche; chêne sessile) déi ronn 200 m hanner dem Gemengenhaus, am Weste vum Duerf stinn.

Wéinst hirem Alter an och der Ëmfeld an deem se stinn - eng Wisen- an Heckelandschaft beim Duerf - gehéiere si zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg. 2008 kann ee gesinn wéi déi zwéin Haaptäscht vun der déckster Eech duerch e Stoleseel geséchert sinn. Dës zwou Eeche goufen 2002 fir d'éischt op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem opgeholl.

Déi ënnescht Eech huet den déckste Stamm an ass bannen huel. Den Alter vun den Eechen ass net bekannt, däerft awer 200 Joer erreechen.

Ëm 2000 goufe follgend Moosse geholl: Ëmfank op Broschthéicht: 5,58 m respektiv 4,67 m, bei enger Gréisst vu 25 respektiv 24 m. Domat ass deen ënneschte vun deenen zwéi Beem déi véiertdéckst Eech zu Lëtzebuerg (no den Eechen zu Heeschbreg, um Bicherhaff an zu Kaalmes).

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et Forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 28-29, Text a Foto).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

Déi ënnescht Eech ass ausgehielegt. En Deel vu Munzen lénks am Hannergrond.
D'Eeche vun hanner dem Gemengenhaus aus gesinn.