Allee zu Munneref

Vu Wikipedia
D'Allee a Richtung Munneref gekuckt. Juni 2008.

D'Allee zu Munneref ass den éischten Deel vun der Strooss, déi vun der Résidence Monplaisir zu Munneref op Éimereng féiert. Si zitt sech iwwer d'Lieu-dite Kickeschpand an op Kirelheck, a besteet aus ronn 200 Bierebeem, deenen hire geneeën Alter net bekannt ass.

Wéinst dem Gesamtandrock vun der Allee gehéieren dës Beem zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

D'Allee ass 1,3 km laang. Kuerz viru Mëttlängt, vu Munneref aus gesinn, béit se bal rechtwénkleg no riets a Richtung Éimereng of.

D'Strooss ass fräi fir de Verkéier, gëtt awer well se schmuel ass kaum nach benotzt.

2008 kann ee gesinn, datt eng ganz Rëtsch vun de Beem aus Altersgrënn net méi an engem gudden Zoustand sinn. 2007/2008 goufen der vill vun hinne staark zeréckgeschnidden. Anerer goufen ewechgeholl an duerch jonk Beem ersat.

Ëm 2000 gouf beim déckste Bam en Ëmfank op Broschthéicht vun 2,32 m an eng Héicht vu 15 m gemooss. D'Allee gouf 2002 fir d'éischt an d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg opgeholl. 2001 gouf d'Allee op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Inventaire supplémentaire klasséiert.[1]

Geographesch Koordinate vum Ufank a vum Enn vun der Allee:
49° 30’ 17.16’’ N 06° 17’ 22.15’’ O
49° 29’ 43.21’’ N 06° 17’ 36.40’’ O

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 222-223, Text a Foto).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Aner bemierkenswäert Beem zu Munneref (am Park vum Hotel Grand-Chef):
eng Platan an e männlechen an e weibleche Ginkgo

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

D'Allee Ufank Mee 2008. Riets e Rapsfeld an der Bléi.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 9. Juni 2023).