Ronnebeemchen zu Bous
Ronnebeemchen zu Bous | |
---|---|
Do wou d'Eech stoung: d'Kräiz wéi een et gesäit, wann ee vu Bous kënnt | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Koordinaten | 49°34'23,09"N, 6°20'1,93"O |
Bamaart | Eechen |
Geschaten Alter | 142 a |
Zerstéiert | 1935 |
De Ronnebeemchen zu Bous ass den Numm vun enger aler historescher Eech, déi bis 1935 am Bousserbësch, am Norde vu Bous an der haiteger Gemeng Bous-Waldbriedemes stoung. Dee Bam war an der ganzer Ëmgéigend bekannt.
Zanter 1981 steet op där Plaz en iwwerdeckt Kräiz.
Lokalisatioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Plaz fënnt ee, wann ee vu Bous erop, laanscht déi sougenannt Kéionner Eech, am Agank vum Bësch riicht aus dem breede Bëschwee nogeet. Ronn 1.200 m vum Bëschagank ewech steet riets vum Wee dat genannt Kräiz.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Wärend der Franséischer Revolutioun huet de Paschtouer Mathias Prost, dee refuséiert hat den Eed op d'Republik ze leeschten, um Fouss vum Ronnebeemchen, an deen de Fierschter eng Hiel fir den Altor geschloen hat, Mass gehalen.
De 15. Februar 1935 krut de Verschéinerungsveräi vu Bous d'Geneemegung fir e Gäertche ronderëm dem Bam unzeleeën[1], dat och kuerz duerno gemaach gouf. Dat Ganzt war net vu laanger Dauer, well ëm den 18. Abrëll 1935 ass d'Eech vun Onbekannte gesprengt ginn[2].
Den 9. Oktober 1972 huet de Bousser Gemengerot decidéiert eng Gedenkplack op der Plaz vum fréierer Ronnebeemchen opzehänken[3]. 1981 hunn d'Bousser Awunner en iwwerdeckt Kräiz op der Plaz vum Ronnebeemchen opgeriicht, fir un d'Evenementer aus der Revolutiounszäit z'erënneren. Op der Plaz erënnert näischt méi un deen historesche Bam.
Bis 1995 gouf op där Plaz all Joer eng Wallfaartsmass gehalen, un där zulescht 180 Leit deelgeholl hunn. 2016 gouf dës Traditioun erëm opgegraff.[4]
Op Grond vum Schëld „Ronnebémchen 1793“ dat um Bam houng[1], kann een dovun ausgoen, datt d'Eech wéi s'am Joer 1935 zerstéiert gouf, 142 Joer al war.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Plack um Sockel vum Kräiz (op der Säit zu Bous hin ze gesinn)
-
D'Kräiz am Bousserbësch, Richtung Bus gekuckt
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Déi dräi déckst Eechen zu Lëtzebuerg
- Eech zu Heeschbreg mam Heeschbreger Bildchen
- Eech um Bicherhaff an der Gemeng Stadbriedemes
- Eech zu Kaalmes
Quellen
[änneren | Quelltext änneren]- Faber, Ernest, 1907. Die Baumriesen des Großherzogtums Luxemburg in Wort und Bild, mit Erwähnung hervorragender ausländischer Riesenbäume. Diekirch, J. Schroell.
- Faber, E., 1920. Die Baumriesen des Grossherzogtums Luxemburgs in Wort und Bild mit Erwähnung hervorragender ausländischer Riesenbäume. Dréckerei Fr. Faber, Mersch. (Cf. S. 29).
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 52).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ronnebeemchen zu Bous – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 (de)Großherzogtum - Grevenmacher. Obermosel-Zeitung, 55. Jg., nº 39, S. 2. (15.02.1935). Gekuckt de(n) 24.02.2024.
- ↑ (de)Großherzogtum. Obermosel-Zeitung, 55. Jg., nº 93, Erstes Blatt, S. 2. (20.04.1935). Gekuckt de(n) 24.02.2024.
- ↑ (de)Arbeitssitzung des Gemeinderats Bous – Sitzungsbericht vom 9. Oktober 1972. Luxemburger Wort, 125. Jg., n° 244, S. 7 (23.10.1972).
- ↑ C., 2016. Von der alten Eiche zum Kreuz. Die Tradition des "Ronnebeemchen" lebt wieder. Luxemburger Wort vum 13./14. August 2016, S. 34.