Eech zu Heeschbreg
Eech zu Heeschbreg | |
---|---|
Bildchenskuescht | |
D'Eech am September 2009 | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Bech |
Plaz | Heeschbreg |
Adress | CR136 |
Koordinaten | 49°45'9,90"N, 6°19'39,72"O |
Bamaart | Stilleech |
Geschaten Alter | 400 a |
Status | Klasséiert Monument |
Héicht | 19,3 m (2023) |
Duerchmiesser | 2,34 m (2023) |
Ëmfang | 8,30 m (1980) |
D'Eech zu Heeschbreg, och nach Bildchenskuescht genannt[1], ass eng Stilleech (Quercus robur) bei Heeschbreg, déi zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert.
Lokalisatioun
[änneren | Quelltext änneren]De Bam steet am Flouer Beim Bildchen an der Sektioun Heeschbreg an Altréier vun der Gemeng Bech, westlech vum CR136 a ronn 85 m nërdlech vun der N11.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den exakten Alter vun der Eech ass net bekannt, et gëtt ugeholl si hätt tëscht 300 a 500 Joer. De Forstinspekter Paul Modert bezeechent se an den 1960er Joren als déi stäerkst Eech an deen déckste Bam aus dem Land. Se gëtt och hautdesdaags nach als den déckste Bam aus dem Land ugesinn.
D'Plaz bei der Eech ass och Madonnepilgeruert an an enger Nisch an der Eech aus dem Joer 1817 steet d'Kopie vun enger Mariestatu. Der Seechen no geet déi haiteg Marieveréierung op en Ereegnes vum 30. Mee 1731 zeréck, wéi zwéi vun dräi Bridder bei der Eech vum Blëtz erschloe goufen. Als Merci fir seng Rettung léisst deen drëtten, de Bernard Mathias Deitz, dat bekannt Bild an der Eech opstellen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Heeschbreger Bildchen.
Hanner der Eech geet et an eng Griecht erof mat Fielse mat Schläifrillen aus der Steenzäit[2]. Do goufen neolithesch Steebeilen an där Saache fonnt[3].
Entwécklung
[änneren | Quelltext änneren]Eng Eech ka bis zu 800 Joer al ginn, allerdéngs ass d'Heeschbreger Eech krank. 1911 war si duerch Käerze bal verbrannt. D'Statu war verkuelt, konnt awer zu Tréier gefléckt ginn. 1929 gouf dunn den Huelraum ausbetonéiert, eng Restauratiounstechnik, déi hautdesdaags net méi ugewannt gëtt. Och duerno gouf d'Eech nach e puermol restauréiert.
Och wann nach déck Äscht weider an d'Luucht wuessen, sinn déi meescht plakeg a ginn dem Bam eng ganz besonnesch Silhouette. En Deel vu senger gebrachener Kroun ass komplett verschwonnen, a grouss Pilze wuessen a sengem Stamm.
D'Eech gehéiert zënter 1938 dem Staat an ass zënter 2004 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert[4].
Joer | |||
---|---|---|---|
1893 | 5,74 | 1,83 | |
1958 | 6,87 | 2,19 | |
1980 | 8,30 | 2,64 | |
2000 | 7,41 | 2,36 | 23,00 |
2023 | 7,35 | 2,34 | 19,30 |
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Fréijoer (2008)
-
Summer (2009)
-
Hierscht ()
-
Wanter (2024)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0
- Bartimes, Mett et al. Les arbres remarquables 2002. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 2002. Print. ISBN 2-919877-05-4
- Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 1981. Print.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Eech zu Heeschbreg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Kuescht oder Kues ass eng al lëtzebuergesch Bezeechnung fir e Bam, meeschtens eng Eech, Buch oder Bierk
- ↑ cf. Informatioun op engem Panneau op der Plaz
- ↑ Schneider, Ernest. Material zu einer archäologischen Felskunde des Luxemburger Landes. Luxemburg: V. Buck, 1939. S. 31-32. "Auf der ganzen Gemarkung von Hersberg sind viele vorgeschichtliche und manche gallo-römische Funde gemacht worden. Erwähnenswert sind u. a. die zahlreichen neolithischen Steinbeile sowie die annähernd 40 kleineren Tonfiguren, vorwiegend von Fruchtbarkeitsgottheiten, die in der Nähe des BILDCHESKU'ESCHT, einer hohlen Rieseneiche mit einem Muttergottesbilde am Eingang von Hersberg, entdeckt worden sind."
- ↑ Arrêté du conseil de gouvernement, séance du 7 mai 2004: Art. 1er. - Est classé monument national le chêne pédonculé connu sous l'appellation « Bildchenkuescht op der Schanz », sis à Altrier-Hesberg, inscrit au cadastre de la commune de Bech, section E d'Altrier, sous le no 385/1744, appartenant au Domaine de l'État. Le terrain de la parcelle cadastrale sera compris dans le classement en qualité de périmètre de protection.
- Quell vum Artikel wou net anescht uginn: (Les) Arbres remarquables… an der Literatur