Eech zu Siren

Vu Wikipedia
D'Eech zu Siren. Hanner der Mauer vir am Bild ass de Baseng vun der Quell vun der Sir. (Januar 2008).
D'Donatuskapell virun der Eech (Januar 2008).

D'Eech zu Siren ass eng Summereech (Quercus robur; chêne pédonculé; Stieleiche) a steet am Ausgank vu Siren, Richtung Duelem, iwwer enger Kapell déi dem hellegen Donatus geweit ass. Tëscht der Kapell an der Strooss entspréngt déi a Stee gefaasste Quell vun der Sir.

D'Eech steet op engem Fielsvirsprong vum Lëtzebuerger Sandsteen. Schonn 1981 gouf festgestallt, datt hire Stamm zum Deel ausgehielegt war.

Den Alter vun der Eech, déi zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert, gëtt op 250 bis 300 Joer geschat.

D'Zesummespill vun enger aler Eech, enger Quell an enger Kapell weist drophin, datt dëst warscheinlech eng Plaz ass, wou schonn d'Kelten en Hellegtum veréiert hunn. No der Chrëschtianiséierung goufen heefeg op sou Plazen e Kräiz, eng Statu vun engem Hellegen oder vun der Muttergottes opgestallt. Sécherlech war dat och zu Siren de Fall.

1981 gouf e Stammëmfank op Broschthéicht vu 4,60 m gemooss. Ëm 2000 waren et 5,09 m bei enger Héicht vu 15 m;

Geographesch Koordinaten: 49° 33’ 47.05’’ N 06° 13’ 20.64’’ O

Dës Eech gouf 1981 fir d'éischt als bemierkenswäerte Bam gefouert.

Am Ausgank vu Siren, lénks vun der Strooss op Mutfert, steet eng aner imposant Eech.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (D'Eech zu Siren fënnt een op de Säiten 22 an 23, Text a Foto).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 22-23, Foto an Text).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

D'Quell vun der Sir bei der aler Eech an der Donatuskapell
D'Donatus Kapell zu Siren
D'Statu vum hl. Donatus