Eech um Engelshaff

Vu Wikipedia
D'Eech um Engelshaff (Mäerz 2008).
D'Eech, d'Kapell an den Engelshaff.

D'Eech um Engelshaff bei Iernster steet iwwer dem Bauerenhaff mam selwechten Numm an enger klenger Sank nieft enger Kapell. D'Kroun ass onsymmetresch opgebaut: zum Hank hi strecke sech déi ënnescht Äscht breet an horizontal aus, zum Wee hi goufe se gekierzt.

Den Alter vum Bam gëtt op ronn 200 Joer geschat. Wéinst hirem Alter an der Plaz wou se steet, gehéiert dës Eech zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Aus de Quelle geet net ervir ob et eng Summer- oder Wantereech ass (Quercus robur oder Quercus petraea).

D'Kapell an d'Eech gehéieren zum Engelshaff, sinn also a Privatbesëtz. Déi eelst schrëftlech Erwähnung vum Engelshaff geet op 1526 zeréck. Donieft gëtt et Hiweiser datt do schonn am 15. Joerhonnert en Haff stoung. Op der Ferraris-Kaart vun 1777 gëtt den Haff als Cense de Engels Haff bezeechent.

1980 gouf en Ëmfank op Broschthéicht vu 4,60 m gemooss, ëm 2000 waren et 5,0 m bei enger Gréisst vu 16 m. 1981 gouf dës Eech als deen 20. déckste Bam am Land gefouert.

Geographesch Koordinaten: 49° 40’ 27.31’’ N 06° 15’ 28,26’’ O

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 34-35, Text a Foto).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. Tabelle S. 46 an 163; keng Beschreiwung an och keng Foto vun dësem Bam heiran).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Lann beim Kierfecht zu Hueschtert

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

De Stamm vun der Eech. Den Engelshaff am Hannergrond.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]