Bluttbuch bei der Méchelskierch

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Vum Bock aus gesinn (Januar 2008).
Vun der Corniche aus gekuckt (Januar 2008).

Dës Bluttbuch, déi zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert, steet am Gaart vum Parhaus vun der Méchelskierch an der Stad Lëtzebuerg.

D'Bluttbuch (Fagus sylvatica cv. purpurea; hêtre pourpre; Blutbuche) ass eng Varietéit vun der gewéinlecher Buch (Fagus sylvatica).

D'Buch bei der Méchelskierch ass bemierkenswäert wéinst hirer imposanter Kroun, mä virun allem och wéinst hirem Standuert: si steet op enger vun deenen historesch eelsten an touristesch am meeschte besichte Plazen an der Stad Lëtzebuerg.

Den Alter vum Bam ass net bekannt, däerft awer sécherlech 100 Joer iwwerschreiden.

Ëm 2000 goufe folgend Moosse geholl: Héicht 19 m; Ëmfank: 1,0 m (op Broschthéicht).

Geographesch Koordinaten: 49° 36’ 41’’ N
     06° 08’ 06’’ O

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Aner bemierkenswäert Beem op der Corniche[änneren | Quelltext änneren]

Weider bemierkenswäert Beem an der Stad[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (D'Bluttbuch bei der Méchelskierch fënnt een op de Säiten 78 an 79, Text a Foto).