Hobuch op der Kinnekswiss zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Hobuch op der Kinnekswiss zu Lëtzebuerg
D'Reschter vun der Hobich am Januar 2024
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Stadpark
Adress Kinnekswiss
Koordinaten 49°36'53,78"N, 6°7'32,74"O
Bamaart Hobich
Geschaten Alter 150 Joer
Héicht 22 m (2000)
Duerchmiesser 1,77 m (2000)
Ëmfang 5,56 m (2000)
Zerstéiert 2016
D'Kinnekswiss a Richtung Avenue de la porte neuve gekuckt. Riets déi bemierkenswäert Hobuch. (Oktober 2008).
D'Hobuch op der Kinnekswiss (Januar 2008).
Stamm vun der Hobuch (Oktober 2008).

D'Hobuch (Carpinus betulus L.; charme; Hainbuche) op der Kinnekswiss am Park an der Stad Lëtzebuerg, huet zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert.

De Bam huet aus enger Dose Stämm bestanen, seng Kroun huet sech iwwer eng Fläch vun 300 ausgebreet. Domat war déi Hobuch dat imposantst Exemplar vu senger Aart zu Lëtzebuerg.

Um Panneau nieft den Iwwerreschter, gëtt den Alter vum Bam mat 150 Joer uginn an en hätt schonn do gestanen, ier de Park 1871 ugeluecht gouf. Et kann een deemno unhuelen, datt en tëscht 1865 an 1870 geplanzt gouf[1].

Ëm 2000 goufe follgend Moosse geholl: Gréisst 22 m; Ëmfang: 1,77 m (op Broschthéicht).

No enger Rei dréchenen a waarme Summeren an och wéinst zwéin invasive Pilzen déi d'Holz zersat hunn, krut de Bam am Fréijoer 2016 keng Blieder méi a war domat gestuerwen[1]. Am September 2016 sinn nëmme méi dier Äscht iwwereg bliwwen.

Am Februar 2017 gouf bekannt, datt den doudege Bam net ewechgeholl géif, fir datt d'Vigel, Insektelarven an aner Organismen dat doudegt Holz als Liewensraum benotze kënnen[2],[1].

Wéi de Bam geschwächt awer nach lieweg war, goufen aus sengem Som jonk Beem geziicht, déi du ronderëm den ofgestuerwene Bam geplanzt goufen.[3]

Hobuch op der Kinnekswiss am Juli 2016
Iwwerreschter vun der Hobuch op der Kinnekswiss (2019).

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Pailhès, M. et al., 2023. Les abres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg.. Erausgi vun der Administration de la nature et des forêts an natur&ëmwelt, 252 S. Imprimerie Centrale. ISBN 978-2-9199474-3-0. Käschtebam um Square Robert-Brasseur: S. 174-175.
  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 140 an 141, Text a Foto).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 154, Foto, ouni Text).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hobuch op der Kinnekswiss zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Panneau „Hobich Kinnekswiss” vun der Stater Gemeng am Park, nieft den Iwwerreschter vum Bam
  2. rr, 2017. Ein wertvolles zweites Leben. Luxemburger Wort vum 17. Fébruar 2017, S. 19.
  3. J.-P. Schmit, 2023. Die ältesten Bewohner der Hauptstadt. Luxemburger Wort vum 28./29. Oktober 2023, S. 14.