Diskussioun:Hobuch op der Kinnekswiss zu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

D'Informatioun heidrënner ass vun der Säit Benotzer Diskussioun:Raphael J. heihikopéiert, well et eng intressant Anekdot ass (ma déi net am Artikel selwer stoe kann). Zinneke (Diskussioun) 08:44, 9. Sep. 2016 (UTC)[äntweren]

Moien, a merci fir Är Aktualisatioun am Artikel Hobuch op der Kinnekswiss zu Lëtzebuerg. Wësst Dir zoufâlleg, wéini (ongeféier) de Bam ewechgeholl gouf? Da misste een den Artikel deementspriechend ëmschreiwen ("D'Hobuch ... stoung op der Kinnekswiss" asw.).

Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 08:14, 9. Sep. 2016 (UTC)

Ech wees nett genau, wéini de Bam kapott gangen ass, ech war den 02/07 duerch de Park gangen a war schokéiert wéi ech e gesinn hun... Ech hun eng Foto gemach a versichen déi mam Artikel ze verbannen... Ech sin nei hei a versichen eraus ze fanne wéi dat hei fonktionnéiert. :-)
P.S. De Bam steet nach, si hun awer déi dirr Äscht erof geholl. Et ass eng Fro vun Zäit wéini se de Bam ganz eweg huelen, schued, meng Grousselteren hu sech no do am Joer 1927 um Steen d'Jowuert ginn, ech hun do och Erënnerungen u meng éischt grouss Léift a meng Kanner och. [vum User:Raphael J.]


"Am Summer 2016 war eng Partie Äscht vum Bam dier, sou datt se hu missen ewech geholl ginn. Am Fréijoer 2016 krut de Bam keng Blieder méi an ass domatt gestuerwen. Am September 2016 sinn nëmme méi dier Äscht iwwereg bliwwen."

Ass do net vläicht eppes an der Reiefolleg falsch. Oder soll et vläicht Summer 2015 heeschen. --Les Meloures (Diskussioun) 09:28, 14. Sep. 2016 (UTC)[äntweren]
Dat hat ech dohigesat, no der Info hei vum User Raphael J. Well de Cayambe dono geschriwwen huet, (och) am Fréijoer 2016 wiere scho keng Blieder méi komm, sou dass de Bam do dout gewiescht wier, ass d'Informatioun zum Summer redudant ginn, ech hunns'erausgeholl. Bleift nach just ze waarden, bis de Bam ganz ewech gehae gëtt, an en domat Geschicht ass, fir eng lescht, enndgülteg Mise-à-jour am Artikel.