Benotzer Diskussioun:Raphael J.

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, a merci fir Är Aktualisatioun am Artikel Hobuch op der Kinnekswiss zu Lëtzebuerg. Wësst Dir zoufâlleg, wéini (ongeféier) de Bam ewechgeholl gouf? Da misste een den Artikel deementspriechend ëmschreiwen ("D'Hobuch ... stoung op der Kinnekswiss" asw.).

Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 08:14, 9. Sep. 2016 (UTC)[äntweren]

Ech wees nett genau, wéini de Bam kapott gangen ass, ech war den 02/07 duerch de Park gangen a war schokéiert wéi ech e gesinn hun... Ech hun eng Foto gemach a versichen déi mam Artikel ze verbannen... Ech sin nei hei a versichen eraus ze fanne wéi dat hei fonktionnéiert. :-)
P.S. De Bam steet nach, si hun awer déi dirr Äscht erof geholl. Et ass eng Fro vun Zäit wéini se de Bam ganz eweg huelen, schued, meng Grousselteren hu sech no do am Joer 1927 um Steen d'Jowuert ginn, ech hun do och Erënnerungen u meng éischt grouss Léift a meng Kanner och.
Merci, ech bauen dat emol an. Hei drënner e puer allgemeng Rotschléi.
Fir d'Foto eropzelueden: Iwwer den Upload Wizzard op Wikimedia Commons lueden (klickt um lénkse Bord op "Bild eroplueden", fëllt aus, wat muss ausgefëllt ginn (Der kënnt d'Bild z.B. "Hobich Kinnekswiss 2016-09.jpg" nennen, wann d'Bild vun dësem Mount ass), a gitt als Kategorie un: "Remarkable trees in Luxembourg City"). Dann de Link vum Bild wéi beschriwwen, an den Artikel setzen. Wann Der net eens gitt, mellt Iech :-)
Op eng gutt Zesummenaarbecht!
--Zinneke (Diskussioun) 08:37, 9. Sep. 2016 (UTC)[äntweren]
Flott, ech gesinn, et huet geklappt mat der Foto. Wann Der Intressi drun hutt, z.B. un den Artikelen iwwer bemierkenswäert Beem matzeschaffen (eng jett kinnten der nach geschriwwe ginn): d'Wikipedia besteet aus a fonctionnéiert dank Leit, déi 'einfach esou', aus Intreessi oder Spaass, Hiert dozou bäidroen, dass de Projet lues a lues wiisst a sech entwéckelt. Dofir: nëmme lass ;-) --Zinneke (Diskussioun) 10:13, 9. Sep. 2016 (UTC)[äntweren]


Moie Raphael J.,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!