Op den Inhalt sprangen

Biergahornen op der Corniche

Vu Wikipedia
Biergahornen op der Corniche
Déi fréier Biergahornen op der Corniche (Januar 2008)
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49°36'38,05"N, 6°8'4,70"O
Bamaart Biergahorn
Zerstéiert 2009
Déi zwou Pëppelen déi lo op der Plaz vun de Biergahorne stinn

Déi zwéi bemierkenswäert Biergahornen (Acer pseudoplatanus; érable sycomore; Bergahorn) stoungen op der Corniche, op der Héicht vun der Maison de Cassal, an der Stad Lëtzebuerg. Am Schiet vun den zwéi Beem hat e Restaurant seng Terrassen installéiert.

Ufanks 2009 goufe béid Beem ewechgeholl an duerch zwou jonk Pëppelen ersat.

Wéinst hirer imposanter Gréisst, mä awer och virun allem wéinst der Plaz wou se stoungen, goufen dës zwéi Biergahornen 2002 op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gesat.[1]

Ëm 2000 goufe follgend Moosse fir deen imposantste vun dësen zwéi Beem geholl: Gréisst 17 m; Stammdéckt op Broschthéicht: 0,71 m.

2007 goufen déi zwéi Beem staark zeréckgeschnidden, wouduerch deen ee vun hinnen dat Joer drop ofgestuewen ass, an deen anere sech net méi richteg erkréie konnt. Ufanks 2009 goufen déi zwéi Beem ewechgeholl an duerch zwou jonk Pëppelen ersat.

Interessantes

[änneren | Quelltext änneren]
Den Timber vun 1990 mat der 'neier' Wanzenaart

Op engem vun deenen zwéi Biergahorne vun der Corniche gouf 1984 eng Wanzenaart fonnt, déi nei fir d'Wëssenschaft war. Den Entdecker, de Léopold Reichling, huet se ënner dem Numm Psallus pseudoplatani n. sp. beschriwwen. De Reegele vun der Zoologie no war dëse Bam de sougenannte locus typicus vun der Aart. Zanter dem Verschwanne vun de Beem existéiert dëse locus typicus net méi.

1990, bei Geleeënheet vun der Joerhonnertfeier vun der Société des naturalistes luxembourgeois, huet d'Post en Timber erausginn, op deem e Männchen an e Weibche vun där Aart ze gesi sinn. D'Zeechnung ass vum Léopold Reichling.

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 166-167, Text a Foto).
  • Reichling, L., 1984. Les Hétéroptères du Grand-Duché de Luxembourg. 1. Psallus (Hylopsallus) pseudoplatani n. sp. (Miridae, Phylinae) et espèces apparentées. Travaux scientifiques du Musée national d'histoire naturelle de Luxembourg 4 (1): 1-17. [1]
Commons: Biergahornen op der Corniche – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables.