Kéibur (Hesper)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
De Kéibur zu Hesper. Am Hannergrond: déi zwou bemierkenswäert Buchen.
Riets déi zwou bemierkenswäert Buchen. Lénks um Enn vum Wee den Eisebunnstunnel.

De Kéibur zu Hesper ass e fréiere Wäschbur am Dall vun der Doulemerbaach (oder Duelemerbaach).

De Bur gëtt duerch eng Quell gespeist, där hiert Waasser aus de Basengen erof an d'Duelemerbaach leeft. D'Baach selwer fléisst zu Hesper an d'Uelzecht.

Wéi den Numm et seet, war de Kéibur ursprénglech eng Véidränk. 1848 gouf si zu engem Wäschbur ëmgebaut, dee virun allem vun den Awunner vu Fenteng benotzt gouf.

Wéi 1986 de Wäschbur renovéiert gouf, si vum ursprénglech iwwerdeckte Gebai nach just d'Basengsmauere bäibehale ginn.

De Kéibur fënnt ee wann een zu Hesper d'rue de Kockelscheuer eropfiert. Am Ausgank vum Duerf geet et zu Fouss weider iwwer de goudronnéierte Wee duerch den Dall vun der Duelemerbaach, laanscht den Hollemollefiels (e Fiels mat enger klenger natierlecher Hiel), bis de Wee uewen am Dall no lénks duerch den Eisebunnstunnel vun der Streck Lëtzebuerg-Diddenuewen ofbéit. Lénks vum Wee stéisst een dann op de Kéibuer.

Bemierkenswäert Buchen um Kéibur[änneren | Quelltext änneren]

Säitlech iwwer dem Kéibur stinn zwou Buchen (Fagus sylvatica; hêtre; Rotbuche) déi wéinst hirem opfällege Wuerzelgeflecht an och der Plaz wou se stinn, zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéieren.

Wahrscheinlech goufen d'Wuerzele vun dësen zwéi Beem beim Bau vum Wäschbur fräigeluecht, an déi zwou Buche wieren deemno eppes méi wéi 160 Joer al.

Em 2000 gouf eng Stammdéckt, op Broschthéicht, vun 2,70 m respektiv 1,47 m gemooss. D'Gréisst gouf net opgeholl.

Déi zwou Buche goufen 2002 fir d'éischt op den Inventaire vun de bemierkenswäerte Beem gesat.

Geographesch Koordinaten: 49° 34’ 07.25’’ N 06° 07’ 55,35’’ O

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Natur, Kultur und Geschichte in der Gemeinde Hesperingen, 2004. Erausgi vun der Gemeng Hesper, de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Hesper an der Administration des eaux et forëts. (Text op Däitsch an op Franséisch). Dréckerei Heintz, Péiteng.
  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 72 an 73, Text a Foto.)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

.
.
.
Lénks a riets déi zwou bemierkenswäert Buchen.