Schwaarzkifer zu Bierschbech

Vu Wikipedia
D'Schwaarzkifer (2008) a Richtung Rolleng gekuckt.
2014, vu Rolleng aus gesinn.

D'Schwaarzkifer (Pinus nigra) zu Bierschbech war eng bemierkenswäert Kifer déi bis 2015 am Park vum Blannenheem laanscht d'Haaptstrooss (N7) stoung.

De Bam gouf den 29. Mäerz 1974 op den Inventaire supplémentaire des monuments nationaux gesat. 2002 koum en op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.[1],[2]

Ëm 2000 gouf en Diameter, op Broschthéicht, vun 0.91 m bei enger Gréisst vun 21 m gemooss.[1]

2015 gouf de Bam wéinst enger méiglecher Gefor fir de Stroosseverkéier ewechgeholl.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

An der éischter Hallschent vum 19. Joerhonnert hat den Notaire Michel Clement sech zu Bierschbech eng Villa gebaut a ronderëm e Park amenagéiere geloss. D'Schwaarzkifer war also ronn 165 Joer al wéi s'emgehae gouf.[1]

D'Proprietéit huet e puermol de Besëtzer gewiesselt, ier se vun der leschter Besëtzerin un d'Blannevereenegung verierft gouf. 1972 sinn déi éischt Blann an d'Heem agezunn. Zanterhier gouf d'Villa e puermol ëmgebaut an nei Gebaier koumen derbäi. Haut (2016) sinn en Altersheem an e Foyer fir blann Leit am Komplex ënnerbruecht.[1]

Am Park stoung bis 2001 e Käschtebam (Aesculus hippocastanum) mam selwechten Alter wéi d'Schwaarzkifer. Et war geplangt de Käschtebam 2002 op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg ze setzen. De Bam gouf awer 2001 ouni erkennbare Grond ewechgeholl.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des Eaux et Forêts. Musée national d'histoire naturelle, S.198-199 (Text a Foto).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Les arbres remarquables, 2002. Xf. Literatur
  2. An der Lëscht vun 1981 gëtt d'Schwaarzkifer vu Bierschbech net gefouert. Cf. 1981, Arbres remarquables du grand-duché de Luxembourg. Administration des Eaux et Forêts.