Eech zu Lenneng

Vu Wikipedia
Eech zu Lenneng
Déi bemierkenswäert Eech zu Lenneng (Abrëll 2008)
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Koordinaten 49°35'36,121"N, 6°21'10,271"O
Bamaart Eechen
Héicht 21 m (2002)
Duerchmiesser 1,37 m (2002)
Ëmfang 4,92 m (2002)
E gewaltege Stamm.

D'Eech zu Lenneng steet um Rand vum Branebësch am Südweste vu Lenneng. Si ass op der topographescher Kaart (23 Grevenmacher) als Eech agedroen. Dës Eech gehéiert wéinst hirem Alter, deen op iwwer 200 Joer geschat gëtt, an hirer imposanter Erscheinung zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Aus de Quelle geet net ervir ob et eng Summer- oder Wantereech ass.

Lokalisatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Eech fënnt een, wann een zu Lenneng d'Strooss fir op Greiweldeng eropfiert, op der Kräizung uewen um Plateau an de goudronéierte Feldwee no riets ofbéit, zirka 100 m duerno no lénks fiert, sech weider riets hält, fir dann do, wou d'Wéngerte vu Greiweldeng ufänken, deen net goudronéierte Wee riets erop a Richtung Bësch geet, wou dann de Bam scho vu wäitem z'erkennen ass.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Schonn ëm 2000 war d'Eech net méi an engem gesonden Zoustand. Nodeem si e puer vun hiren décken Äscht verluer hat, huet Mëtt der 90er Jore vum leschte Joerhonnert e Stuerm hir en Haaptaascht ewechgebrach. 2008 kann ee gesinn, datt op der Bëschsäit d'Schuel, warscheinlech duerch e Blëtzschlag, op grousser Längt ofgestuerwen ass, an d'Holz do am Gaang ass sech ze zersetzen.

D'Spezialiste recommandéieren, de Bam net ze restauréieren, hie sech also selwer z'iwwerloosse bis en ofstierft, wat sécherlech nach Joerzéngte wäert daueren. Op der Plaz wou e steet stellt e keng Gefor fir Mënschen duer, an Holz, dat ofstierft bitt villen Déieren, z. B. de Spiechten a virun allem villen Insekten e wichtege Liewensraum.

2022 ass op enger Héicht vun 3,5m d'Kroun ofgebrach.[Source?]

Entwécklung vum Bam[änneren | Quelltext änneren]

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer
1980 3,70 1,18
2002 4,92 1,57 21,00

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 44-45, Text a Foto).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. Tabell S. 47, keng Beschreiwung a keng Foto vun der Eech dran).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

|

Vue a Richtung Lenneng, vun der Eech aus gesinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eech zu Lenneng – Biller, Videoen oder Audiodateien