Roger Bertemes
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Roger Bertemes | |
---|---|
Gebuer |
4. Juli 1927 Béigen |
Gestuerwen | 28. November 2006 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler, Graphiker |
Famill | |
Kanner | Paul Bertemes, François Bertemes |
De Roger Bertemes, gebuer de 4. Juli 1927 zu Béigen[1] bei Klierf, a gestuerwen den 28. November 2006, war e lëtzebuergesche Moler a Graphiker, deen an der Stad Lëtzebuerg geschafft huet.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Hie war 1961 zu Paräis am Atelier vum Johnny Friedlaender, wou hien d'Konscht vun der Gravure geléiert huet. Vun 1970 bis 1987 huet hie Coursen am Lycée Technique des Arts et Métiers an der Stad Lëtzebuerg ginn. Och wa seng Kompositiounen een abstrakte Charakter hunn, dann erënnere seng Kompositiounen a Faarwen dach un d'Éislek.
Si l'art de Roger Bertemes nous saisit si fort (...), c'est qu'il possède au plus haut point les trois vertus plastiques que mentionne Apollinaire: la pureté, l'unité et la vérité. (Lucien Kayser, 1987[2])
De Roger Bertemes huet zu Lëtzebuerg an am Ausland op ville Plazen ausgestallt, ë. a. och a Brasilien, Argentinien, Frankräich, Däitschland, Holland, Italien, Belsch.
Wierk
[änneren | Quelltext änneren]Entwërf vu Fënsteren:
- Sechs Fënsteren am Antikglas (ëm 1975) am Schëff vun der Kierch zu Betzder
- Fënster am Antikglas (1964), Fënster am Glasbetong (1964), allen zwou am Chouer vun der Kierch zu Lëtzebuerg-Beggen
- Fënsteren (2004) an der Klinikskapell zu Lëtzebuerg-Kierchbierg
- Dräi Fënsteren am Antikglas (ëm 1960) an der Kierch zu Suessem
Seng Biller kann een a ville Kollektioune gesinn:
- Nationalmusée fir Geschicht a Konscht
- Stad Lëtzebuerg
- Lëtzebuerger Nationalbibliothéik
- Stad Esch-Uelzecht
- Library of Congress, Washington
- Bibliothèque nationale de France, Paräis
- Museo d'Arte Moderns, Venedeg
- Museum für moderne Kunst, Skopje
- Museum of Arts, Dublin
- Galeria Klovicevi Dvori, Zagreb[1]
Gielercher an Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]- 1960: Prix Grand-Duc Adolphe
- 1969: Biennale de la gravure, Buenos Aires
- Chevalier de l'Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1976).[3]
- 1989: Prix Biennale Male Formy Grafiki, Lodz, Polen[1]
- 1992: Prix Pierre-Werner
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Agnisolo, Giorgio, 1986. Arte in Lussemburgo dopo il 1945. Verlag?, Italien.
- Anonym, 1997. Roger Bertemes - lignes et volumes: exposition du 14 mars au 27 avril 1997 au Musée national d'histoire et d'art. Marché-aux-poissons, Luxembourg.
- Anonym, 1998. BCEE: 50 artistes pour un demi-siécle de peinure et de sculpture luxembourgeoises. Collection de la Banque et caisse d'épargne de l'État.
- Anonym, 2002. Roger Bertemes. Luxembourg, Éd. Saint-Paul. ISBN 2-87963-402-4.
- Anonym, 2007. Roger Bertemes. Oeuvres gravées. éditions saint-paul, Oplo 500 Stéck. (Virwuert vum Marc Frising)
- Anonym, 2007. Roger Bertemes, The poetry of light and colour. Catalogue de la rétrospective en mémoire de l'artiste à la Galerija Klovicevi dvori, Zagreb.
- Kayser, Lucien, 2009. face à face: la fonction publique et l'art luxembourgeois. Confédération générale de la fonction publique. Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87954-212-6. (Ss. 32-35, 72-73)
- Klecker, Nic, 1984. Roger Bertemes. Institut Grand-Ducal. ?
- Schneider, J. P. et al., 1972. Hommage à Bertemes. Éditions Origine/La Dyade, Luxembourg.
- Theis, Marc & Elisabeth Vermast, 1995. Artistes luxembourgeois d'aujourd'hui. Édition Marc Theis, Lëtzebuerg / Hannover. ISBN 2-9599988-2-0 S. 26-27.
- Vermast, Elisabeth, 1999. Les signes se relient à la Dexia-BIL. Catalogue d'exposition. Luxembourg.
- Weber, Nic, 1998. Texte und Farbtuschezeichnungen von Roger Bertemes. Luxembourg.
Filmer
[änneren | Quelltext änneren]- Thorn-Petit, Liliane, RTL, Portrait d'Artistes, 1987
- RTL, 1997, Portrait Roger Bertemes
- Alesch, Tom, SAMSA, 1997, Portrait Roger Bertemes
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- De Roger Bertemes op der Websäit vu mediArt
- Websäit vum Cercle artistique de Luxembourg
- Biller vum Roger Bertemes senger leschter Ausstellung, 2006 am Theater zu Esch-Uelzecht
- Wortlos Lob, De Kräizwee vum Roger Bertemes aus der Kierch Rued-Sir
- De Guy Wagner iwwer de Roger Bertemes a Kulturissimo
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 Raus, J.P., Joer?. Roger Bertemes. Galerie Schlassgoart. ISBN 978-2-9599749-2-2
- ↑ Lucien Kayser, "Peintures et gravures à la Villa Vauban Roger Bertemes ou la vertu en peinture", d'Letzeburger Land, 10. Abrëll 1987.
- ↑ (fr)Des personnalités de la vie culturelle et artistique à l’honneur Remise de décorations à la Bibliothèque nationale. viewer.eluxemburgensia.lu. Luxemburger Wort (25. Juni 1976). Gekuckt de(n) 18.01.2024.