Kierch Betzder

Vu Wikipedia
Kierch vu Betzder
Parkierch vu Betzder (2013)

Parkierch vu Betzder (2013)
Parkierch vu Betzder (2013)
Uertschaft / Plaz Betzder
Par Par Musel a Syr
Saint-Jacques
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Mäerten
Konsekratioun 1755
Baujoer 1748, 1852
Proprietär Gemeng Betzder[1]
Koordinaten 49° 41’ 16.9’’ N
      06° 21’ 08.8’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Betzder ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Musel a Syr Saint-Jacques, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Betzder gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Mäerten, deem säi Fest den 11. November gefeiert gëtt. Niewepatréiner ass den hellegen Haupert (Hubertus).

Se steet an der Kierchestrooss (rue de l'église), enger Säitestrooss vum CR134 (rue de Wecker). Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Zur fréierer Par Betzder gehéiert ausser der Parkierch vu Betzder och nach d'Kapell vun Haastert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Aus engem Dokument aus dem Joer 1140 geet erfier, datt et deemools schonn eng Kierch zu Betzder gouf. 1748 gouf d'Kierch vum Tiroler Baumeeschter Sigmund Mungenast ëmgebaut. De Chouer gouf dobäi sou breet gemaach wéi d'Kiercheschëff. D'Kierch gouf de 17. August 1755 konsekréiert. 1852 gouf d'Kierch nach eng Kéier vergréissert an eng nei Westfront mam Tuerm an engem neien Duxall gebaut. 1959 bis 1961 goufe gréisser Restauréierungsaarbechte gemaach. Vun 2002 bis 2005 goufe weider Restauréierungsaarbechte gemaach, woubäi besonnesch d'Baussemauere stabiliséiert goufen.[2],[3]

Paschtoueschhaus[änneren | Quelltext änneren]

Dat fréiert Paschtoueschhaus nieft der Kierch ass zanter 1978 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Inventaire supplémentaire klasséiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Betzder – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gesetz iwwer d'Gestioun vun de reliéise Gebaier
  2. Geschicht vu Betzder Archivéiert op 2010-05-13. Gekuckt de(n) 2013-06-11.
  3. Informatiounspanneau bei der Kierch