Par Musel a Syr Saint-Jacques
D'Par Musel a Syr Saint-Jacques ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 duerch en Dekret vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]
Se gehéiert zum Dekanat Osten an ersetzt déi 18 fréier Pare Berbuerg, Betzder, Biwer, Éinen, Fluessweiler, Gouschteng, Gréiwemaacher, Lelleg, Meechtem, Manternach, Menster, Mäertert, Nidderdonwen, Ouljen, Rued-Sir, Waasserbëlleg, Wecker a Wuermer.
D'Par erstreckt sech iwwer d'Gebitt vun de Gemenge Betzder, Biwer, Fluessweiler, Gréiwemaacher, Manternach, Mäertert a Wuermer.
De Patréiner vun der Par ass den hellege Jakobus.
D'Parkierch ass d'Kierch vu Gréiwemaacher.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ DECRET ARCHIEPISCOPAL portant sur la suppression des paroisses de Berbourg, Betzdorf, Biwer, Ehnen, Flaxweiler, Gostingen, Grevenmacher, Lellig, Machtum, Manternach, Mensdorf, Mertert, Niederdonven, Olingen, Roodth-sur-Syre, Wasserbillig, Wecker et Wormeldange et sur l'érection de la paroisse « Musel a Syr Saint-Jacques »