Op den Inhalt sprangen

Kierch Gréiwemaacher

Vu Wikipedia
Kierch vu Gréiwemaacher
Parkierch vu Gréiwemaacher (2013)

Parkierch vu Gréiwemaacher (2013)
Parkierch vu Gréiwemaacher (2013)
Uertschaft / Plaz Gréiwemaacher
Par Par Musel a Syr
Saint-Jacques
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Laurentius
Baujoer 1783
Koordinaten 49° 40’ 43.9’’ N
      06° 26’ 30.5’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Gréiwemaacher ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Musel a Syr Saint-Jacques, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Gréiwemaacher gehéiert.

De Patréiner ass den hellege Laurentius, deem säi Fest den 10. August gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Kräizung vun der Kierchestrooss (rue de l'église) an der Groussstrooss (Grand-Rue).

Den 21. Juni 2017 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Gréiwemaacher gehéieren ausser der Dekanatskierch vu Gréiwemaacher och nach d'Kräizkapell vu Gréiwemaacher an d'Kapell vu Mënjecker.

Geschichtleches

[änneren | Quelltext änneren]

D'Urpar fir Gréiwemaacher war Temmels, zu där Maacher schonn 634 gehéiert huet.

Dat kierchlecht Patronatsrecht hat eng Zäit d'Abtei Iechternach . Am Joer 1277 gouf Maacher der Zisterzienserinnen-Abtei vu Clairefontaine ënnerstallt. Dat blouf sou bis 1794, wéi franséisch revolutionär Truppen déi Éisträichesch Nidderlanden iwwerfall hunn.

Déi éischt Kierch baussent de Stadmauere gouf, wéi et schéngt, am 15. Joerhonnert gebaut. En Dokument aus dem Joer 1628 ernimmt, datt d'Kierch baufälleg war, an nëmme provisoresch gefléckt gouf. Eréischt 1782 krut den Iechternacher Baumeeschter Paul Mungenast den Optrag, fir Pläng auszeschaffen. Mä deem seng Virschléi waren den Zisterzienserinnen ze deier. Schliisslech huet den Anton Neurohr, en Entreprener vun Tréier, déi haiteg Kierch opgeriicht.

Aus Käschtegrënn war et eng einfach Sallkierch ouni vill Dekoratioun. Wéi déi al Kierch, war déi nei un den ale Wiertuerm vun der Festung ugebaut. Nach haut sinn am Steebuedem aus faarewegem Vogese-Sandsteen d'Plazen ze gesinn, op deenen d'Saile vun der aler Kierch stoungen, déi méi kleng war a parallel zu der Musel stoung.

Fir datt d'Kierch hir Gidder behale konnt, a Masse konnte gehale ginn hat de Paschtouer den Eed gedoen, dee vum revolutionäre Frankräich verlaangt gouf. Well d'Leit net wollten an d'Kierch vun engem goen, dee geschwuer hat, si se op Meechtem an d'Mass gaangen.

Nodeem sech déi franséisch revolutionär Iddie verzunn hate war Gréiwemaacher Dekanatssëtz an et huet dem Bëschof vu Metz ënnerstanen.

1815 huet den Dechen Trausch en Duxall opriichte gelooss. 1822 goufen Deeler vun der Kierch duerch e Groussbrand am Duerf zerstéiert. 1837 huet d'Uergelmanufaktur Breitenfelder vu Münster déi éischt Uergel gebaut. 1848 gouf den éischte Kierchechouer gegrënnt.

Virum Éischte Weltkrich goufe Sue gesammelt fir eng ganz nei Kierch ze bauen. Well 1918 all däitsch Wäertpabeieren hire Wäert verluer haten, war déi Zäit en Neibau net méi méiglech, an et ass mat Restauréieren ugefaange ginn.

Ënner dem Deche Jean Bormann, dem Staatsarchitekt Jentgen an dem Buergermeeschter Wagner sinn d'Aarbechten 1926/27 ugaangen, déi 1949 konnten ofgeschloss ginn.

1958 koum et zu de leschte Restauratioune virum 2. vatikanesche Konzil ënner dem Dechen Arnould Spautz, dem Architekt Hubert Schumacher an dem Buergermeeschter Victor Prost, bei där ënner anerem d'Kierchemauere bannen en neie Botz kruten.

2009 kruten d'Fënsteren eng Duebelverglasung. Bei enger Renovatioun an de Summerméint 2014 gouf de Banneraum nei ugestrach, d'Kierchefënsteren an d'Natursténg gebotzt an eng nei Gasheizung installéiert.[2]

2013 gouf vum Schäfferot am Accord mam Kiercherot eng Demande gemaach fir d'Kierch als nationaalt Monument klasséieren ze loossen. Dës gouf den 21. Juni 2017 gemaach.

Am Maacher Kierchtuerm hänke 4 Klacken, déi an der Tounart es', f', g' b' lauden. Eng vun de Klacken ass d'Feierklack, déi nom Groussbrand vun 1822 aus der geschmolzener Bronz vun den anere Klacke gegoss gouf.

Commons: Kierch Gréiwemaacher – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).
  2. Grevenmacher: Dekanatskirche ist renoviert op wort.lu den 22. November 2014